Léif Madame

,
Merci fir Äer Fro.
Ech si grondsätzlech der Meenung, dass Kultur en allgemengt Gutt ass, wat esou breed zougänglech wéi méiglech sollt sin. Do bidd den Internet natierlech Méiglechkeeten, vun dene mer virun e puer Joer jhust konnten dreemen.
Wat elo Filesharing ugeet, sou sin ech der Iwwerzeegung, dass mer bei dene meeschte Siten am Beräich vum legale "private usage" sin, vu dass déi Leit, déi do hier Date mat anere Leit deelen, keng Profiter domadder maachen an hier Filmer, Clips, Muséksstécker, etc., och net öffentlech viirféieren. Fir mech ass dat also vum Prinzip hier absolut legal. Ech hun och nach virun e puer Méint mam Professor Thomas Cottier, dee bei der WTO (OMC) schafft an un de Negotiatioune vum kontestéierte TRIPS-Accord (Agreement on Trade-Related Aspects of Intellectual Property Rights) deelgeholl huet, iwwert déi Fro diskutéiert. Quitte dass ech soss a ville Saache net mat dem Prof. Cottier d´accord sin, wor hien och der Iwwerzeegung, dass Filesharing absolut net géint déi international Bestëmmungen iwwert d´propriété intellectuelle verstéisst. Allerdéngs gesin eng Rei Staaten (z. B. Frankräich) dat net esou, a wëllen dat elo stroofbar maachen, sief et op Käschte vun der Privatsphär vun de User´en (cf. déi berühmt-berüchteg "loi Hadopi"). Dat ass a mengen Aen eng geféierlech Entwécklung.
Wat d´Kulturflatrate ugeet, sou fannen ech, dass se zwar interessant Usätz bidd, awer nach laang net all aktuell Problemer, déi ech virdrun ugeschat hun, léist. Interessant ass, dass se op däer enger Säit den Austausch vun intellektuellen an artistesche Wierker géif erhéigen, an op däer anerer Säit et gläichzäiteg géif erlaben, dass Auteuren oder Kënschtler, déi net vu Publicitéit, Concert´en oder produits dérivé´en kënne liewen, nach ëmmer en Akommes hätten.
Mee dëse System huet och eng Rei Nodeeler :
- wann een alleng vun der Zuel vun Downloads ausgeet, da gi Kënschtler, déi méi Zäit a Geld an d´Kreatioun vun hiere Wierker stiechen, géigeniwwer vu Mainstream-"Artiste" wéi Britney Spears, etc., benodeelegt;
- och de Problem mam Dateschutz ass heimadder net onbedéngt geléist, quitte dass et besser ass, wéi déi aktuell repressiv Approche.
Dofir bleiwen ech alles an allem relativ skeptesch. Ech mengen awer, dass et gutt wier, wann een dës Fro géif no de Wahlen méi am Detail am Europaparlament géif debattéieren.
Wat d´Piratepartei ugeet, sou wënschen ech hinne vill Gléck an hierem Kampf géint déi grouss Labelen. Ech fannen et ass gutt, dass se de Problem vum Konflikt tëscht dem klasseschen Urheberrecht an dem fräien Austausch vun Informatiounen am Internet-Zäitalter thematiséiert hun. A wa se éiere sollten an d´EU-Parlament gewielt gin, kinnten se sech jo iwwerleeën, fir bei der Fraktioun vun der United European Left matzemaachen, well mir allgemeng relativ no vun hieren Iddien stin.
Mat beschte Gréiss,
Michel Erpelding (déi Lénk)