Michel Wolter (CSV)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Michel Wolter
Joergang
1962
Berufflech Qualifikatioun
Ekonomist
Ausgeübte Professioun
Deputéierten
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
keinen
(...) Enner anerem geseit en d`Abannen vun Erzeier an Sozialpädagogen an d`Schoul vir.
Prinzipiell gett et vir mech keng gudd oder schlecht, keng würdeg oder onwürdeg Aufgaben, mais nemmen daer dei am Interesse vun der Schoul an de Kanner sinn. Dess Aufgaben mussen vun deenen Leit gemach ginn, deenen hir Tache daat virgeseit. (...)
 
weider Profiler
Froen un Michel Wolter
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Wirtschaft
05.05.2009
Vum:

Monsieur,

Wann d’Gesetz iwwert « mise à disposition » (projet de loi n° 5846) vun dem Gemengepersonal aus dem Energiesecteur (Gas an Elektresch) an der Chamber votéiert gët, wollt ech mol froen wéi Aer Positioun zu dem Gesetz ass?.

Wat richteg ass, dat am Text näischt steet wat dem bestehende Personal, dat elo momentan an dem Secteur schafft, muss ëm säi Statut fäerten. Fir Zukunft heescht dat awer, dat keng qualifizéiert Beamte méi op dene Posten agestallt ginn, wann een an d’Pensioun geet.

Schlëmm ass awer dat duerch den Text d’Gemengen an haaptsächlech d’Stad Lëtzebuerg d’Méiglechkeet kritt hir Netzer un déi nei Netzgesellschaft ze verkaafen. Dofir ware jo d’"DP" mam Här Helminger an di "Gréng" mam Här Bausch Demandeur vun dem Text. Si wollten nach vill méi wäit goen. Dank de Gewerkschaften an der Commission Centrale konnt dat mat Hëllef vum Inneminister verhënnert gin!

Sid Dir Iech bewosst wat dat fir Konsequenzen an der Zukunft fir Gemengen an d’Land selwer kann hun?

Wat fir eng Perspektiv gesit Dir fir den Energiesecteur an Zukunft, lokal a national, hei zu Lëtzebuerg ?

Merci
Äntwert vum Michel Wolter
1Recommandatioun
12.05.2009
Michel Wolter
Gudde Moien,

Dir kennt den Dossier, ëm deen et hei geet, jo gutt. En ass allerdings, wéi Der wësst, zimlech sensibel, an dat ass ee vun de Grënn, wuerfir et net méi virun der Vakanz nach zum Vote vum Text komm ass. Dëser Deeg ass eng Réunioun vun de Ministeren Halsdorf a Krecké mat de Concernéierten, fir och déi Problemer ze klären, déi Der an Äerer Fro opwerft. Wéi gesot, den Dossier ass am Moment nach net sprochräif, och wéint de verschiddenaartegen Usiichte vun der Stad Lëtzebuerg an anere Gemengen.

Ech sinn allgemeng der Meenung, datt Energieversuergung eng wesentlech Fro fir d´Zukunft ass, déi mer och mussen am Kontext vun engem kloere Bekenntnis zu ëffentlechen Dingschtleeschter beäntwerten. Dozou gehéiert, datt mer et fäerdeg bréngen, eng allgemeng gülteg Logik ze behalen, wou net just d´Stad Lëtzebuerg opgrond vun hirer spezifescher Situatioun anescht kann handelen, wéi déi aner.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Nationales
25.05.2009
Vum:

Bonjour Här Wolter

Ech brauch véier Stickeren mam roude Léiw
"ech sin dofir".

Wou kann ech daer kréien?

Merci fir d´Méi a bescht Gréiss

A. Maglica
Äntwert vum Michel Wolter
1Recommandatioun
26.05.2009
Michel Wolter
Scheckt mer aer Adress op miwolter@chd.lu, da kucken ech waat ech maachen kann.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
26.05.2009
Vum:

Moien Herr Wolter,

Wann een esou Artikelen iwer déi kathoulesch Kierch liest wéi den leiten:
www.heise.de
dann stellt een sech vill Froen. Kann ech trotzdem nach mat rouegem Gewessen eng Partei wiehlen, déi der kathoulescher Kierch esou no steht wéi d´CSV? Ech hunn daat bis elo emmer gemaach, mee elo kommen mir Zweifel op.

Vlaischt kennt dir mir jo hellefen? Waat mescht d´CSV konkret géint esou Messtenn?
Äntwert vum Michel Wolter
1Recommandatioun
27.05.2009
Michel Wolter
"Hei de Auszug aus dem Grondsaatzprogramm vun der CSV, deen dess Fro a mengen Aen beäntwert:
Unsere Partei (=CSV) ist jedoch keine kirchliche oder konfessionnelle Partei. Ihre Ausrichtung fundiert auf dem Weltbild des christlichen Humanismus. Dementsprechend ist die CSV offen für Menschen jeden religiösen oder philosophischen Bekenntnisses, die sich in der Gestaltung der Gesellschaft zu den Grundsätzen eines humanistischen Weltbildes bekennen wollen. (Auszug aus dem Grundsatzprogramm der CSV - Jidder eenzelnen zielt)."
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
27.05.2009
Vum:

Guten Tag Herr Wolter,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Wulf Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Herr Wolter, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)
Äntwert vum Michel Wolter
1Recommandatioun
28.05.2009
Michel Wolter
Et ass eis opgefall, dass dir des Fro un eng Rei Leit aus eiser Partei gescheckt hutt. Dir wäert an denen nächsten Deeg vun kompetenter Seit eng Äntwert kreien.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Schoulen
28.05.2009
Vum:

Moien Herr Wolter

Ech wollt hei mol eng Fro lass gin zum edukativem Secteur (wuelgemierkt Erzeier an Sozialpedagogen an den Schoulen). An der neier ecole fondamentale huet dest Personal jo och eng Roll ze gewährleeschten. Leider geseit et sou aus, wei wann kuerz virun Schluss do un der Tache vun desem Personal dann nach an allen Richtungen gewerkelt geng gin, fir dass dest Personal op sou vill wei meiglech Plaatzen nach kann interveneiren, sou e bessi Fraa fir alles kann sin. Wei stellt dir iech eng Zesummenaarbecht vun desem Personal mat den Schoulmeeschteren fir, wann des Leit och nach mussen Bustransport maan, Accueil an den Maison Relais...

Mir gesin einfach do e bessi vill Problemer fir eng gudd Zesummenaarbecht ze gewährleeschten, an Praxis huet och an den leschten Joeren bewisen, dass des Zesummenaarbecht op deenen Gemengen wou Leit Fraa fir alles waaren net sou fonktionneiert huet wei op deenen aaneren Gemengen, wou den Beruff schons einfach mei respekteiert gin ass, an och dei neideg Prepazeit zur Verfüfung gestallt gin ass. Daat ganzt geseit jo aus wei wann et geif scheiteren duerch dei Inkompatibiliteit zweschent dem A Kader an dem E Kader:

Meng Fro: Wei stellt dir iech vir keint desen Problem geleist gin, fir dass eng gudd Zesummenaarbecht an den Schoulen zweschent den gesamten Intervenants meiglech wier am Interessi vun all eisen Kanner ?

Merci am viraus fir eng Äntwert
Äntwert vum Michel Wolter
1Recommandatioun
28.05.2009
Michel Wolter
Den Projet de Loi iwer den Fundamentalunterricht ass a mengen Aen een vun deenen wichtegsten aus deser Legislaturperiod. Enner anerem geseit en d`Abannen vun Erzeier an Sozialpädagogen an d`Schoul vir.
Prinzipiell gett et vir mech keng gudd oder schlecht, keng würdeg oder onwürdeg Aufgaben, mais nemmen daer dei am Interesse vun der Schoul an de Kanner sinn. Dess Aufgaben mussen vun deenen Leit gemach ginn, deenen hir Tache daat virgeseit. Dozou geheiert selbstverständlech dass dess Aufgaben uerdentlech kennen firbereet ginn.
Sou wei Roum net an engem Daag gebaut ginn ass sou waert och dess Reform sech lues a lues fannen. Dobai ass den Asatz vun allen Bedeelegten noutwenneg.
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Michel Wolter
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.