Michel Wolter (CSV)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Michel Wolter
Joergang
1962
Berufflech Qualifikatioun
Ekonomist
Ausgeübte Professioun
Deputéierten
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
keinen
(...) "Ech mengen dass zu dësem Thema vun menger Séit alles gesot ginn ass. Ech mengen och dass et genug Leit an der CSV ginn, déi sech all Konzepter ugekuckt hunn an och intellektuell d´Fäegkeet hunn, se ze verstoen." (...)
 
weider Profiler
Froen un Michel Wolter
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Soziales
29.05.2009
Vum:

Monsieur Wolter,

Quelle politique devrait-on poursuivre en matière de drogues (stupéfiants) et de sans abris? La situation économique risque d’accentuer ce triste phénomène et fléau de notre société.

Meilleures salutations,


Président « Stëmm vu Bouneweg »
Äntwert vum Michel Wolter
1Recommandatioun
02.06.2009
Michel Wolter
Ech hunn gesinn dass der dës Fro un méi Leit verschéckt hutt. Dir sidd Präsident vun der « Stëmm vu Bouneweg ». Als lokalen Politiker huet den Här Laurent Mosar iech am Detail op d´Problematik déi zu Bouneweg besteet geäntwert. Ech kann mech nëmmen sengen Développementer uschléissen.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
01.06.2009
Vum:
Guy

D´Tram-Léisung ass wahrscheinléch nët ze réaliséiren (zumindest nët zu engem raisonnablen Preis-Leeschtungsverhältnis).

Wann en alles mat arechent (a nët nëmmen 2 oder 3 ausgewielte Posten) an och d’Erspuernisser am Mobil 2020 déi de Bus-Bunn Konzept erméiglecht, ass de Bus-Bunn (och nach RER genannt) vill méi bëlleg wéi d´Tram Léisung. Detailer fannt dir um Site www.rer.lu.

Doriwer eraus ass d´Bus-Bunn Léisung vill méi leeschtungsfähig wéi d´Tram-Léisung.

Den Tram bréngt e besschen méi Kapazitéit, wéi déi Bussen, déi den Tram ersetzt.
Am Tram-Konzept muss e méigléchst daks emsteigen (vum Zuch op den Tram, dann op de Bus, ...).
Déi vill Haltestellen a Kräizungen op der Tramslinn kaschte vill Zäit.
E wichtege Problem ass och de Risiko vu Stauen (duerch ze vill Verkéier oder duerch Akzidenter).

De Bus-Bunn bréngt eng grouss zousätzléch Kapazitéit (komplett Zich mat 2 Stäck).
Duerch déi +- 12 Garen op de wichtegste Punkten vun der Stadt kënne ganz vill Leit direkt mam Zuch bis (bal) dohin fueren, wou si hi wëllen.
D´Buslinnen kënnen duerch e leeschtungsfähegen Zuchréseau an der Stadt verbonne gin. Doduerch kann de Knuet (Stau an der Avenue de la Liberté, um Aldringer, op de Bréken, ... ) aus ville Bus-linnen eliminéiert gin.

Wann e manner Autoen an der Stadt wëll, muss e keen Tram bauen, den déi puer grouss Stroossen a Bréken blokéiert.
Et ass besser
  • engerseits eng leeschtungsfäheg Alternativ unzebidden (Bus-Bunn Konzept)
  • an anrerseits méi Foussgängerzonen, Busspuren, Velosweeër, breet Trottoiren, Géngstreifen, ... unzeleeën.
Dat ass och politesch vill méi liicht duerchzesetzen.

De Bus-Bunn Konzept ass vill méi ausgereift, wéi den Tram-Projet.
Iwerzeecht iech selwer a vergleicht d´Dokumentatioun vum Transportministère (vill irrelevant Detailer, wichteg Punkten ignoréiert, kéng Léisung fir déi vill Problemer)
mat der viirbildlécher Dokumentatioun um www.rer.lu.

Wéi gudd kennt dir den Dossier ?
Fannt dir och, dat de Bus-Bunn Konzept déi besser Léisung ass ?
Äntwert vum Michel Wolter
1Recommandatioun
01.06.2009
Michel Wolter
"Ech halen mech strikt un de Walprogramm vun menger Partei. Dës Positioun ass an deenen leschten Wochen ausféierlech duergeluecht an debattéiert ginn.
Ech selwer hunn am Top Thema Interview vum 12. Mä dozou Stellung geholl. Dësen Interview ass ze fannen ënnert www.miwolter.lu "
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
01.06.2009
Vum:
Guy

3 kuerz Froen zum Thema "Tram oder Bus-Bunn ?"

Ech hun den Interview vum 12.5.2009 op www.michel-wolter.lu gekukt a kennen och aner Stellungnahmen vun der CSV.
Ech hun den Androck, dat d’CSV guer nët kukt, op et eng besser, méi preiswert Alternativ zum Tram gëtt. D’CSV kukt nëmmen, op den Tram-Konzept finanzéiert ka ginn.
Ass dat wierkléch esou?

Wéi gudd kennt dir perséinléch den Dossier (Verglach Tram Léisung mam Bus-Bunn Konzept)?

Gëtt et Leit bei der CSV, déi den Dossier gudd kennen?

Bescht Gréiss
Äntwert vum Michel Wolter
2Recommandatiounen
02.06.2009
Michel Wolter
Gudde moien,

hei meng Aentwert op dëss Fro:

"Ech mengen dass zu dësem Thema vun menger Séit alles gesot ginn ass. Ech mengen och dass et genug Leit an der CSV ginn, déi sech all Konzepter ugekuckt hunn an och intellektuell d´Fäegkeet hunn, se ze verstoen."
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
02.06.2009
Vum:
Guy

Thema "Tram oder Bus-Bunn ?"

D’Positioun vun der CSV as klor. Awer nët d’Argumentatioun. Do besteht Erklärungsbedarf!

Kënnt Dir mir de Numm vun mindestens engem CSV Member nennen, den de Dossier gudd kennt, an der Meenung ass, dat d’Tram-Léisung besser ass wéi de Bus-Bunn Konzept ?
Ech kennen der e puer déi de Bus-Bunn Konzept besser fannen. Sie machen domat awer nët vill Reklam, well dat géint d’Linn vun der CSV verstéisst.

Gëtt et irgendwou um Internet eng Platz, wou e CSV Member, den den Dossier gudd kennt, erklärt wisou d’CSV den Tram-Projet ennerstëtzt an nët de Bus-Bunn Konzept?

Bescht Gréiss
Äntwert vum Michel Wolter
1Recommandatioun
02.06.2009
Michel Wolter
Ech hunn iech elo schonns zweemol op quasi déi selwecht Froen geäntwert. Ech wéilt et dobéi beloossen.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Nationales
03.06.2009
Vum:
Pit

Här Wolter,

mech géif interesséieren wéi Dir mengt, datt e Sonden d´Wahlen aus wäerte goen. Gleeft Dir de positiven Sondagen fir d´CSV?

Mat beschte Gréiss,

Pit
Äntwert vum Michel Wolter
1Recommandatioun
04.06.2009
Michel Wolter
E Sonndeg si Walen. Och wann d´Meenungsëmfroe soen, datt d´CSV déi stäerkste Partei am Land wäert bleiwen: dorop soll een sech net verloossen.

E Sonndeg entscheed de Wieler, an hien aleng, net d´Ëmfroen, wien an deene nächste fënnef Joer Verantwortung zu Lëtzebuerg soll iwwerhuelen. D´CSV ass bereet, hir Kompetenz an hiren Asatz och an den nächste Joeren an den Dingscht vun eisem Land ze stellen.

Fir dass mir e Sonndeg keng béis Iwwerraschung erliewen: wien CSV well, soll CSV wielen.
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Michel Wolter
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.