Michel Wolter (CSV)

Donnéeën zur Persoun
Joergang
1962
Berufflech Qualifikatioun
Economiste, détenteur d´une maîtrise en sciences économiques à l´Université de Paris I - Panthéon / Sorbonne
Ausgeübte Professioun
-Membre de la Conférence des Présidents (sortante) depuis le 08/06/2009 -Président du groupe politique chrétien-social depuis le 31/07/2004 -Membre du Parti chrétien social depuis 1980
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
weider Profiler
Parlamentaresch Aarbecht
Ëffentlech Aussoen
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Wirtschaft
16.01.2010
Vum:
-

Haer Minister,
wat hald Dir vun enger commssion parlementaire vir d ekonomesch Situatioun vun der Brauerei Diekirch z ënnersichen?
merci
Äntwert vum Michel Wolter
1Recommandatioun
26.01.2010
Michel Wolter
Et muss en am An behalen, datt wéi et zu Dikrech virugeet an éischter Ligne d’Entscheedung vum Proprietaire ass. An dësem Fall ass dat en internationale Konzern. Politik ka probéieren Afloss ze huelen, wat de Premierminister annoncéiert huet an och maache wäert. Fir an enger parlamentarescher Kommissioun di ekonomesch Situatioun vun engem spezifesche Betrib ze ënnersichen, mécht kee Sënn. Dës aus zwee Grënn. 1) Firwat gëtt vum Parlament d’Situatioun vun dem engen a net vun dem anere Betrib ënnersicht an 2) gëtt hei op enger kloerer wirtschaftsrechtlecher Grondlag agéiert. Ech perséinlech hoffen, dat sech den Asaz vun de ville Leit wäert lounen an Dikrecher Brauerei erhale bleift. Si gehéiert zu engem wichtegen Deel vun eiser Industriegeschicht.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
15.03.2010
Vum:

Haer Deputéierten

Merci fir aer Aentwort
ech erlaben mër ze preziséieren:
an desem engen Fall, Dikrech, waer et schons bluddnoutwendeg wann d Chamber, an enger Untersuchngskommissioun noutfalls sugur eng descente sur les lieux kënnt machen, fir klorzestellen, wat genee viirgeet an hiren Bicher, Dat kann d Regierung jo nu wiirklech nët
Schliesslech ass ët nët onméiglech dat se e bëssen hin an hir gespillt hun mat Filialen , Konzessiounen, Bénéficeverlaagerungen fir dat deen Deel den iwwrechbleiwt, deen Deel den d Personal beschaeftegt, nët vill méi huet oder nët? d Staieren giichen dat nennen "Gestaltungsmoeglichkeiten ..."

An iwwregens wat ass "motifs économiques"? Wann d Lait entlooss gin, muss dann all Eenzelnen de Riichter froen wat déi Expressioun heescht? "motifs économiques" ass dat wann e Betrieb a schlechten Dicher ass, oder wann een am Ausland méi bëlleg kann produzéieren?

den Begrëff kënnt naemlech aus enger anerer Zait , deemools wor d Bedaitung "difficultés économiques" !

D Arbechtsrecht brauch do schons eng Klarifikatioun vun engem Wuert, dat ass nët zevill verlaangt, well dat ass schons soss de Geck gemaat mat de Lait.

Onse ganzen Sozialsystem sprëngt, hëlleft am Fall vun "difficultés économiques" daerf en dat eigentlech och am Fall vun Bénéficeverlagerungen? Et waer mol interessant d Travauxx Parlementaires unzekuken déi zu onsen villen sozialen Gesetzer gefouert hunn;
Ët waer de Kombel wann ons sozial Institutiounen theoretësch mol nët am Fall vun Delokalisatioun pour motifs "bénéficiaires" dierften hëllefen !!!



Meilleurs respects

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Soziales
04.05.2010
Vum:
Tom Kal

Gudde Moyen Haer Wolter
Et get jo zenter kurzem am Sueden zwou Epiceries sociales:
1. Wat hallt Dir generell vun der Mesure?
Wir et net besser wann dei Betraffen an all Epicerie vun hierem Choix kennten verbellegt akaafen? Eng demenentsprechend Plastiks-Kärtchen ass haut net mei diskriminatoresch, well all grousse Buttek mat Konnekarte schafft.
2. Get durch d´Kreatioun vun den Epicerie Sociales net e Ghetto geschafft fir aaarm Leit?
3. Get net eng Realiteit symptomatesch bekämpft anstatt strukturell Ennerungen fir ze huelen?
Ech soen Iech merci fir Aer Zeit an aer Entwerten.
Tom Karl

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 2 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Finanzen
26.07.2010
Vum:

Gudden moien Här Wolter,
zënter dem 1. Januar 2008 bezéien, no bestëmmten Konditiounen, d´politesch Parteien hei zu Lëtzebuerg Stéiergelder. www.legilux.public.lu

ass déi Chrëschtlech Sozial Vollekspartei bereet, am Kader vun den Spuermossnahmen, op Parteienfinanzéierung ze verzichten an déi Stéiergelder anzespueren.

Mat béschte Gréiss

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Är Fro un Michel Wolter
  • Gouf Är Fro schon gestalt?
    Duerchsicht all Froen an Äntwerten an dësem Profil no engem Stéchwuert
  • Är Fro gouf bis elo net gestallt ?
    Gitt hei wann ech gelift Är Kontaktdaten an Är Fro an:
  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun enger valabeler E-Mails Adress as obligatoresch
    Dëst as noutwenneg , vir Iech iwwert eng Äntwert vum Deputéierten z'informéieren oder bei Réckfroen kontaktéieren ze kënnen. Är E-Mail Adress gëtt weder un de Politiker nach un Drëtter weiderginn.

  •  

    Dës Donnéeën sinn obligatoresch
    Se gett net verëffentlecht, mee un den Deputéierten weiderginn.

  •  

    Des Donnéeën sin optional.
    Se gëtt net verëffentlecht an nëmmen zu interne Verwendungen respektiv vir eventuell Reckfroen benéidegt

  • noch 2000 Zeichen

    Ech erkläre mech matt der Verëffentlechung vu menger Fro op politikercheck.lu anverstaanen.
    D' Fräischaltung ka jee no Benotzeropkommen e.Ë. e puer Stonnen daueren, vue que dass all angoend Fro vun engem Moderatiounsteam gepréift muss ginn.
    Ech hunn de Moderatiouns-Codex gelies a sëchergestallt, dass meng Froen net géint dësen verstéisst Moderatiouns-Codex opruffen
    Falls meng Fro net fräigeschalt ka ginn, wäert ech doriwwer vun engem Modérateur informéiert ginn.
    Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt Är IP-Adress gespäichert, awer net verëffentlecht oder un Drëtter weiderginn. Weider Informatiounen erhaalt Dir an eiser Dateschutzerklärung
  • Folgend Felder goufe net ausgefëllt oder weise Fehler op.
    Virnumm, Familljennumm, E-Mail Adress und Uertschaft