Núria Garcia (Déi Gréng)
Kandidatin EU-Walen 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Núria Garcia
Joergang
1985
Berufflech Qualifikatioun
Politikwëssenschaftlerin
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Europa
Landeslëschteplaatz
2
(...) De Green New Deal géif et erlaben, déi aktuell Wirtschaftskris an d’Klimakris, déi sech jo schon méi laang ofzeechent an och net esou séier wäert eriwwer goen, zesummen ze bekämpfen. Konkret heescht dat, dass an deenen nächste 5 Joer sollen 5 Milliarden Euro op europäeschem Plang investéiert gin fir esou 5 Milliounen nei "gréng" Jobs a ganz Europa ze schafen, en Deel dovun natiirlech zu Lëtzebuerg. Dësen "Green New Deal" soll vun der europäescher Investitiounsbank (EIB) an iwwer aner europäesch Strukturfongen finanzéiert ginn. (...)
 
Froen un Núria Garcia
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Aarbecht
29.05.2009
Vum:

Mme Garcia,
op aerem Site schwetzt dir iwwert e Green New Deal?
Wat ass dat genee? Ass dat eng Iddi dei ons eng besser Zukunft brengt?

bäscht greiss
jessy
Äntwert vum Núria Garcia
bis elo kengRecommandatiounen
03.06.2009
Núria Garcia
Moien ,

Den « Green New Deal » as en Konzept deen mir lëtzebuergesch Gréng zesumme mat grénge Parteien aus ganz Europa entwéckelt hunn. De Green New Deal géif et erlaben, déi aktuell Wirtschaftskris an d’Klimakris, déi sech jo schon méi laang ofzeechent an och net esou séier wäert eriwwer goen, zesummen ze bekämpfen. Konkret heescht dat, dass an deenen nächste 5 Joer sollen 5 Milliarden Euro op europäeschem Plang investéiert gin fir esou 5 Milliounen nei "gréng" Jobs a ganz Europa ze schafen, en Deel dovun natiirlech zu Lëtzebuerg. Dësen "Green New Deal" soll vun der europäescher Investitiounsbank (EIB) an iwwer aner europäesch Strukturfongen finanzéiert ginn.

Eis ass et wichteg, dass d’Investitiounsprogrammer fir d’Wirtschaftskris ze bekämpfe gläichzäiteg och fir Strukturreforme genotzt ginn, a besonnesch fir e Wiessel ewech vu fossilen Energië wéi Kuel a Petrol, hin zu propperen erneierbaren Energien. Et wier falsch, elo einfach mat der Géisskan Suen un déi verschidden Industriesecteuren ze bezuelen, ouni ze kucken dass dës Investitiounen och fir nohalteg Projete benotzt ginn. De "Green New Deal" wäert dogéint engersäits deenen hëllefen déi elo um Aarbechtsmaart sinn, mee doriwwer eraus och deene jonken nei Perspektive bidden, a gläichzäiteg d’Zukunft vun deenen zukünftege Generatiounen ofsécheren.

Léif Gréiss,

Nuria Garcia
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
01.06.2009
Vum:
Guy

Sidd dir och der Meenung, dat Europa a Lëtzebuerg eng gemeinsam Kommunikatiounssprooch brauchen ?
Wéi eng Sprooch sollt dat sinn ? Englesch an Esperanto sinn d’Haaptkandidaten.

E puer Erklärungen zum Kontext vu menger Fro:

Die Europäischen Institutionen müssen viele Entscheidungen treffen, welche von äußerster Wichtigkeit für die Entwicklung Europas sind. Tausende Menschen verschiedener Nationalitäten sind am Prozess der Vorbereitung, Diskussion, Verhandlung, Beschlussfassung und Ausführung beteiligt. Dieser Prozess könnte wesentlich effizienter gestaltet werden, wenn die Kommunikation aller Teilnehmer in einer gemeinsamen, von allen beherrschten Sprache, geführt würde.

Bedingt durch die Globalisierung sind Wirtschaft und Forschung auf internationale Kommunikation angewiesen. Deshalb setzt sich in der Praxis Englisch als gemeinsame Kommunikationssprache durch. Dies verschafft den Amerikanern und Engländern einen bedeutenden Vorteil da die überwiegende Mehrheit der Europäer Englisch wesentlich schlechter beherrscht.

Im Schulwesen stehen kleine Länder vor einem Problem ohne optimale Lösung. Da die Beziehungen zu den Nachbarländern von äußerster Wichtigkeit sind, muss ein übermäßig großes Gewicht auf den Fremdsprachenunterricht gelegt werden. Da die Anzahl der Schulstunden beschränkt ist, muss man die Studienzeit für die anderen Fächer und Kompetenzen zu stark beschränken.

Viele Europäer kennen eine oder mehrere Fremdsprachen. Die Kenntnisse der Fremdsprachen sind jedoch meistens oberflächlich. Dies bewirkt, dass vor allem die oberflächliche, kommerzielle, amerikanische Kultur sich in Europa durchsetzt. Die reiche, tiefgründige Kultur der europäischen Völker kann kaum über die Sprachbarrieren vermittelt werden. Nur durch eine gemeinsame Kommunikationssprache, welche alle beherrschen, könnten alle Europäer aus diesem kulturellen Reichtum schöpfen.

Bescht Gréiss
Äntwert vum Núria Garcia
1Recommandatioun
03.06.2009
Núria Garcia
Moien Här ,

Villmools Merci fir är Fro. Ech beschäftegen mech am Kader vu mengem Studium vill mat Sproochepolitik, an hat doduerch d’Geleeënheet eng ganz Rei Saachen zu dësem Thema ze liesen.

Et besteet schon haut quasi keen Zweiwel drun, dass Englesch sech wäert an Europa – an souguer weltwäit – als international Kommunikatiounssprooch duerchsetzen. Dës Entwécklung erklärt sech doduerch, dass ëmmer méi Leit Englesch als éischt Friemsprooch an der Schoul léieren. D’Eurobarometer-Statistiken weisen dass schon haut an der europäescher Unioun 51% vun de Bierger a Biergerinnen Englesch schwätzen, géint 32% Däitsch an 26% Franséisch. Ugesiichts vun dësen Zuelen, ass et schwéier virstellbar, dass d’Kommunikatiounssprooch vun der EU eng aner kinnt sinn wéi Englesch.

Déi ëmmer méi grouss Diffusioun vum Engleschen heescht awer net, dass déi national Sproochen keng Bedeitung méi hunn. Déi aktuell Politik vun der europäescher Kommissioun besteet doran den Multilinguismus an Europa ze ënnerstëtzen. D’Objektiver vu Barcelona gesinn vir, dass all Schüler a Schülerinnen an der EU engersäits eng international Kommunikatiounssprooch – meeschtens Englesch – léieren, mee donieft och nach eng zweet Friemsprooch, wat oft déi vun engem aneren europäeschen Land ass.

Ech denken dass mir d’Méisproochegkeet an Europa mussen als eng Chance gesinn an d’léieren vun weideren Friemsproochen encouragéieren an ënnerstëtzen, ouni dofir awer auszeschléissen, dass een an engem internationalem Aarbechtskontext wéi deen vun den europäeschen Institutiounen kéint op eng Haaptkommunikatiounssprooch, dat heescht Englesch zeréckgräifen.

Léif Gréiss,

Nuria Garcia
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Núria Garcia
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.