Octavie Modert (CSV)

Octavie Modert
Joergang
1967
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Osten
Landeslëschteplaatz
-
(...) Dir wësst, dat ech eppes mat Wënzer a Wäibau ze doen hunn, mee et ass nët just dofier wou ech dise Wirtschaftszweig héichhalen: tatsächlech weie Landwirtschaft a Wäibau net sou stark an éisem PIB, mee si schafe vill, ganz vill Arbechtsplazen an éisem Land, an och an éisem Bezërk. (...)
 
weider Profiler
Froen un Octavie Modert
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Wirtschaft
15.05.2009
Vum:

Madame Modert,
et as Ierch jo kloer, dat wann een sech als Wieler fir d Waalen virbereet, dann wëllt een och wëssen, wat brengt eis dann en Politiker an eisem Bezirk oder Kanton?
Mech geng interesséieren, woufir dir Ierch asetzt an Wirtschafsfroen nierwt dem Wenzer vun der Musel?
Wou gesidd dir Aspekter an deenen dir Ierch fir den Osten asetzen wëllt an musst! merci
Äntwert vum Octavie Modert
bis elo kengRecommandatiounen
06.06.2009
Octavie Modert
Här ,

Dir hat iin Fro gestallt, op déi ech elo réischt äntwere weil se op iin onbekannt Mail-Adress gaange war.
Dir wësst, dat ech eppes mat Wënzer a Wäibau ze doen hunn, mee et ass nët just dofier wou ech dise Wirtschaftszweig héichhalen: tatsächlech weie Landwirtschaft a Wäibau net sou stark an éisem PIB, mee si schafe vill, ganz vill Arbechtsplazen an éisem Land, an och an éisem Bezërk. Riichent all Wënzer- a Baurebetrieber ewech, grad esou wéi d´Verarbechtungsbetrieber (zB Kellereien op der Musel, Schlachtheiser wéi zu Weecker, fir am Osten ze bleiwwen, etc.), da wär de Chômage vill méi héich!

Mee Dir hott bestëmmt och schonn an Artikele vu mir gelies, wat sech fir den Osten nach vun anere Méiglechkeete béitt. Grad haut kënnt Dir och nach een an der Zeidong, am CSV-Profil, liesen, dofier ginn ech hei juste puer Beispiller.
Iin nei Dynamik ass méiglech fir den Osten, an an de leschte 5 Jar ass vill gemat ginn fir éis Géigend, ech giff gär soen, sou vill wéi seele virdrun; ech si frou, dat ech och dozou bäidroe konnt. ZB mëcht de Kulturtourismus wesentlech Perspektiven op fir éis Regioun, an do ass den Oste quasi verwinnt ginn an der lescht, doriwwer sinn ech frou. Den Trifolion zu Ieternaach zéit immens vill Leit un; de Masterplan fir dat gallo-réimesch Ricciacus zu Duelem deen ech opgestallt hunn waert iis op d´Landkart vun de bedeitende Réimersites an Europa seetzen. De Wäimusee deen als Muselzentrum ausgebaut gëtt, d´Arbechte lafen geschwënn un, d´Possenhaus dat erweidert gëtt mat seiner 2. Phas, ginn der Musel an der ganzer Géigend zousätzlech Attraktivitéit. Den aussergewéinlechen Tudors-Musee zu Rouspert, dee mir virun 2 Wochen ageweit hunn, ass e regelrechte Bijou ginn, dorch d´Hellef déi mir finanziell a mat éise Fachkräften aus dem Kulturministär bäisteiere konnten; an et ginn nach vill Beispiller. Kultur ass e wichtege Standortfaktor!
Och op anere Pläng hu mir Standortvirdeeler: zB mat éisem KnowHow iwwer Satelliten a Raumfart dorch den SES-Sëtz am Osten. Dorch d´Entwécklongsméiglechkeeten déi den IVL béit weil Wunnen a Schaffe méi no bäienee komme sollen. An dorch nei Schoulen, déi an den Oste kommen.
Den Osten hott vill ze béide fir nei Perspektiven opzemaachen; loosse mir de regionale Virdeel ausnotzen!

mat frëndleche Gréiss,
Octavie Modert
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
27.05.2009
Vum:

Léiw Mme Modert,

Ons traditionnel Denkmodeller gin momentan kräfteg durchgerëselt. Mier duerchliewen richteg historesch Momenter, den Englänner schwätzt vun "Window of opportunity". Kéinten mir deen nët als eng riiseg Chance ugesin an en Paradigmenwiessel virundreiwen? Ewech vun enger Logik, déi jidfereen zwengt zur Maximéierung vun kurzfristegen an egoisteschen Zieler mat schädlechen Auswirkungen opp ons Emwelt an Matmënschen. Hin zou engem méi mënschlechen Mateneen an wou den Mënsch an d´Kultur am Mëttelpunkt stinn. Dat héiert sech utopesch unn. Loost Iech soen dat et och e puer Jorhonnerte gedauert huet bis jidfereen iwerzeecht wor dat d´Erd em d´Sonn dréint. Wann mir dann dem Gordon Moore saïn Gesetz an d´Geschicht transposéiren - mir wëssen haut vill, vill méi - dann misst esou en Paradigmenwiessel jo spilles an 10 Joer ze packen sin. d´Beispill vun Wikipedia weist ons em wéivills méi Séier mir haut eppes grousses upacken an realiséieren können. An dobai sin dem Internet seng Méiglechkeeten nach laang nët zu Enn geduecht.

Gesidd dir och den "Window of opportunity"? Wat halt Dir vun dësen Iwerleeungen? Kéint Dir Iech virstellen bei esou engem groussen Projet matzeschaffen?

Mat beschten Gréiss

Äntwert vum Octavie Modert
1Recommandatioun
02.06.2009
Octavie Modert
ech verstinn Aer Fro als e Plädoyer fir Kulturpolitik, a fir iin stark Kulturpolitik sou wéi se an de leschte Jare gemat ginn ass, an dat ugefaangen virun engen déck 20 Jar : et ass deemols ugaangen dat mol iwwer Kultur a Kulturpolitik diskutéiert ginn ass, wann och je no Projet dacks kontrovers (wat jo nees e Stéck Kultur ass) weil nach vill Onverständnis dorch Nët-Wëssen, an dorch Onkenntnis vun Zesummenhäng, bäi de Leit waren. Et ass also scho vill geschéit op disem Plang, an dat ass natierlech goutt esou. De Paradigmewiessel ass sëcherlech schonn am gaangen, an e soll viru goen, do kann ech Iich nëmme recht ginn. Grad esou wéi Dir ganz richteg sot, dat Kultur e Besser-Mateneen-Ëmgoen fördert: fir mech ass Kultur ëmmer e Mëttel fir gesellschaftlech Kohäsioun, fir e méi mënschlech Mateneen a respektfördernd vis-à-vis vun de Matmenschen.
Dofier steet am CSV-Walprogramm och e grouss Kapitel Kultur, weil d´Wichtegkeet an d´Bedeitong vun disem immaterielle Faktor fir d´Gesellschaft an d´Gemeinschaft nët genouch ënnerstrach ka ginn.

Nach ee Wuert zu den digitalen Opportunitéiten am Zesummenhang mat Kultur: et war an diser Legislaturperiod iin vu meine Prioritéiten, d´Digitaliséirung vun der Kultur virun ze dreiwen: all éis Kulturinstitutiounen hunn hiere Budget stark ropgoe gesinn an de leschten 2 Jar, fir dat d´Numérisatioun virugedriwwe konnt ginn (vun de bestehende Bestänn, oder vun neie Projetën). eluxemburgensia, Europeana, lod sinn e puer Beispiller heivun.

alles Goudes, o modert
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
27.05.2009
Vum:

Guten Tag Frau Modert,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Wulf Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Frau Modert, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)
Äntwert vum Octavie Modert
bis elo kengRecommandatiounen
30.05.2009
Octavie Modert
Gudden Owend Här ,
ech verweise fir d´Äntwert op Aer Fro op di aner Äntwerten, déi am Numm vun der CSV scho gi sinn vun éisen anere Vertrieder, déi all di selwecht Fro vun Iich gestallt kréit hunn.
bescht Gréiss, o modert
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Octavie Modert
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.