Vum:


Bonjour Madame Modert.
Kennt Dir novollzéien dass de Bierger Är Äntwerten vum 19,10,2009 op der Télé
tele.rtl.lu als onduerchsiichteg interpretéiert an Dir soumat deen Owend de Bierger virun der Télé net nëmmen veronséchert, mä an Krisen Zäiten de Bierger och veriergert kéint hunn?
Wien stëmmt dann elo déi zousätzlech 8,7 Milliounen €uro, déi zousätzlech zu deenen 32,5 Milliounen €uro; Regierung? Et gëtt net menges Wëssens net geschwat vun deenen Käschten, déi duerch Hëtzen, den Ënnerhalt, souwéi Personal an Direktioun zousätzlech an deene 12 Joer néideg woren!
Kéint sech och do net erëm d Fro beim Bierger stellen ob d´ Regierung do mat Milliounen jongléiert fir duerno an den 3 Eechelen ënner anerëm "Geschicht vun den Awunner” ze dokumentéieren?
Brauche Dir net bis duer aner Sujeten? Well kéint et net eventuell sinn, dass wann de Musée fäerdeg ass, Dir mat der Regierung, d´ Awunner an d´ Faillitë gedriwwen hutt? Ass Dëst deen eenzege Projet, deen vun Ufank un, falsch kalkuléiert gouf? Mussen elo zousätzlech Milliounen vun Iech, an der Regierung gestëmmt ginn? Dass sech Prozeduren ënner hallef 12 Joer änneren, ass jo awer normal, ergo, keen Argument, oder?
Wann iergendwann an puer Joer, deen Muséë dach emol seng Dieren opmécht,
kënnt Dir ons jo ee Bilan vun de Käschte maachen,deen hoffentlech mei kloer wäert sinn, wéi Är Aussoe vum 19.10.2009.
Mat beschte Gréiss,
