Op Politikercheck.lu dokumentéiere mir all Ofstëmmungen aus dem EU-Parlament vun deene mir denken, dass se op groussen ëffentlechen Interessi stoussen.

Sollt eng Ofstëmmung feelen an Dir mengt se sollt hei ernimmt sinn, da schéckt eis wann ech gelift e kuerze Mail mat engem kuerzen Indice un: info@politikercheck.lu
OFSTËMMUNGEN
12.11.2012
D'Europaparlament huet majoritär fir d'Aféierung vum europäesche Brevet gestëmmt.

Ofstëmmungsresultat

zougestëmmt
dergéint
enthaalen & net präsent
22.09.2010
D' Europäescht Parlament huet majoritär engem ëmstriddene Bericht zu der „amelioréierter Duerchsetzung vun de Rechter vum geeschtegen Eegentum zougestëmmt. De sougenanntenen Gallo-Bericht huet keng juristesch Verbindlechkeet, kéint der Kommissioun awer als Orientéierung déngen.

Ofstëmmungsresultat

zougestëmmt
dergéint
enthaalen & net präsent
08.07.2010
Nodeems d' SWIFT-Ofkommes am Februar vun dësem Joer nach vum Europäeschen Parlament rejetéiert gouf, hunn d'Parlamentarier elo en iwwerschafften Entworf mat grousser Majoritéit beschloss. D'Ofkommen trëtt den 1.August 2010 a Kraaft a bilt de juristesche Kader fir den Transfer vun europäesche Bankendaten an d'USA.

Ofstëmmungsresultat

zougestëmmt
dergéint
enthaalen & net präsent
07.07.2010
Dat Europäescht Parlament huet en Plafonnement op cash an am viraus bezuelte Bonifikatiounen beschloss. Domatt gëllen an der EU déi weltwäit strengste Reguléierungen fir Bonusbezuelungen u Bank-Manager.

Ofstëmmungsresultat

zougestëmmt
dergéint
enthaalen & net präsent
16.06.2010
D'Majoritéit am Europäesche Parlament huet sech géint d' Aféierung vun enger Liewensmëttel-Verkéiersluucht ausgesprach. Seelen gouf e Sträit zwësche Befierworter a Géigner am Konsumenteschutz esou verbassen ausgedroen wei de Fight ëm Liewensmëttel-Verkéiersluucht.

Ofstëmmungsresultat

zougestëmmt
dergéint
enthaalen & net präsent
19.05.2010
D'Europäescht Parlament huet mat grousser Majoritéit eng verbessert Charakteriséierung vu Liewensmëttel beschloss.
Donnéeën zum Zocker a Fettgehalt mussen gutt siichtbar affichéiert sinn, fir Fleesch a Fësch muss d' Land wou et hier kënnt ersiichtlech sinn.

Ofstëmmungsresultat

zougestëmmt
dergéint
enthaalen & net präsent
19.05.2010
Mat denkbar knapper Majoritéit huet dat Europäescht Parlament dës Applikatioun vum Enzym Thrombin als Lebensmëttelzusaatzstoff verbueden. Thrombin huet den Zweck eenzel Fleeschstécker erëm zu engem grousse Stéck ze verbannen also d'Fleesch quasi erëm zesumme wuessen ze loossen an gëtt aus Schwengsbludd gewonnen.

Ofstëmmungsresultat

zougestëmmt
dergéint
enthaalen & net präsent
09.02.2010
D' EU Parlament huet majoritär di nei Kommissioun ënnert dem Kommissiounspresident José Manuel Barroso zougestëmmt. Vu Lëtzebuerg kënnt d' Madame Reding fir Justiz a Grondrecht an d'Kommissioun.
Am Total hu 488EU-Deputéiert fir d' Nominatioun vun der Kommissioun gestëmmt, 137 waren dergéint an 72 hu sech hirer Stëmm enthalen.

Ofstëmmungsresultat

zougestëmmt
dergéint
enthaalen & net präsent
24.11.2009
No meintelangem Strait huet d'Europäescht Parlament das emstriddent Gesetz endgülteg beschloss. D'EU-Memberstaaten mussen elo selwer decidéieren, ob a wann engem Bierger oder enger Biergerin den Internet gespart gëtt. Dene Concerneierten ginn zukünfteg méi Rechter ageraumt.

Ofstëmmungsresultat

zougestëmmt
dergéint
enthaalen & net präsent