Philippe Schockweiler (Déi Gréng)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Philippe Schockweiler
Joergang
1985
Berufflech Qualifikatioun
Student Geschicht, Anglisik Uni Tréier
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
(...) You may say I´m a dreamer...but I´m not the only one, sot den John Lennon schon, an wann ech ierch richteg gelies hun, dann sin mir jo elo schons zu Zwee ! :-) (...)
 
Froen un Philippe Schockweiler
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
21.05.2009
Vum:

Wat sinn aerer Meenung no Nodeeler vum City Tunnel par rapport zum Tram.

Firwat sollen mir den Tram kreien an net den City Tunnel?.

Merci fir aer Aentwert
Äntwert vum Philippe Schockweiler
1Recommandatioun
22.05.2009
Philippe Schockweiler
Den City Tunnel ass eng Propose déi vun enger Partei koum, wi den Projet vum Tram schon quasi su gudd wi oofgesehnt war. Ech mengen dass jiddereen deen eemol an der Staat war an sech minimal d Topologie ugekuckt huet mierkt dass en City Tunnel eng rieseg architektonesch Erausfuederung wier, en Tunnel duerch d Festungsmauer ze bueren, ennerierdech arrêt´en bauen etc... et waer eng enorm daier saach den City Tunnel a guer net rentablel, well su en zuch rieseg Quai´en brauch an dofir ass d stad einfach ze kleng!

Zum Tram: den tram ass een deel vun der naier Mobilitéitspolitik genee wi nai Zuchlinnen ronderem d Staad an nai Gares périphériques sou wei nai Buslinnen. Den Tram ass net d´ Wonnermettel geint den Verkeiersproblem, mee en ass en wichtegen Bausteen vun engem Gesammtkonzept. Dem Tram keint sou z.B d Feinverdeelung teschend den gares peripheriques maachen an et ass jo och geplangt dass den tram an der 2ter phase iwwert den terrain vun der staat letzebuerg erausfiert.
Dem Tram ass also een mettel vun engem gesamtprojet deen ons erlabt d verkeiersproblemer an de grëff ze kréien. Doriwwer hinaus, huet d Aféierung vum Tram an villen franséichen Stied bewissen dass den Tram eng grouss Beraicherung fir d Stied ass. Stied déi virdrun bessi ageschlof waren, wi Clermont Ferrand, Grenoble, Bordeaux, etc sin mam Tram zum naien Lierwen erwäscht, well et eng Vitaminsprëtz fir d Stadtbild an de Commerce ass.
 
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
21.05.2009
Vum:

Wei soll et mat der EU Erweiderung weider goen,ass d?EU nett schons vill ze grouss, oder mussen nach weider Laenner opgholl ginn.(z.B Ostblocklaenner Tierkei..)

Wat sinn Vierdeeler vun enger Erweiderung,fir eis Letzebuerger?

Merci fir aer Aentwert
Äntwert vum Philippe Schockweiler
1Recommandatioun
22.05.2009
Philippe Schockweiler
Et gin strikt Critèren vir kënnen ant d EU opgeholl ze gin. D´ Verhandlungen matt der Tierkai laafen seit puer Joer jo, mee et ass kloer dass d Tierkai am Moment nach net baitrieden kann winst sengem Demokratiedefizit, Menschenrechtsverletzungen etc. Den Baitrëtt vun der Tierkai ass also naischt fir an 5-10 Joër, mee et waert sech nach eng gudd Zait zéihen bis et suwait ass: Et ass awa wichteg sech net virun der Tierkai ze verschléissen well et besonneg importent ass der Tierkai eng Perspektiv no Europa ze bidden. Ouni déi Perspektiv kéinten aaner Kräften an der Tierkai unt d Muecht kommem déi der Stabilitéit vun der Tierkai an der Regioun net zu gudd giffen kommen.

Aner Länner matt deenen Momentan Verhandlungen laafen sin d Balkanlänner wi z.B Kroatien(di och wuel als nächst waerten der EU baitrieden).
Dëss Länner sin um gudden Wee, mee och hai gin et na puer Problemer wi z.B d´ Ausliwweung vun Krichsverbriecher etc ... Natierlech ass d´ Baitrieden vun dëssen Länner wichteg fir Stabilitéit an Europa, an ech mengen och dass déi Länner alleguerten zur Europäescher Groussfamill gehéieren di leider duerch 2 Kricher, an den 2 Blocus´en WEST, OST opgedeelt gouffen. Heinsto vermëttelen gewess Lait oder Medien dass dat alles ze schnell geht, mee et gin genuch Critèren di mussen aplizéiert gin an dorunner muss sech all Land haalen.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Schoulen
23.05.2009
Vum:

Moien,

Wei stell dir Iech Trennung zwschen Kiirch an Staat fir.

Wann et keen Religiounsunterrecht an der Schoul gett, wou sollen Kanner eppes iwwer Religioun leieren, doheem oder als Optioun.

merci
Äntwert vum Philippe Schockweiler
1Recommandatioun
24.05.2009
Philippe Schockweiler
TvKaS ass jo den gesellschaftlechen Modell dass den eenzelnen Steierzueler genee kann iwwerlehen an frai entscheeden wei enger Glawenskommunauteit hien Suen gett, oder wei enger ONG etc.... (dou funktionneiert den italieneschen Modell: Otto per mille)

Relioun an der Kierch ass en aanert Thema: Mir wellen dass d Kanner een gemeinsamen Unterrecht, en Werteunterrecht zs. kennen maachen wu d Kanner och iwwer Reliounen eppes gewuer gin, mee och z.B iwwer gesellschaftlechen Zesummenhalt, Menschenrechter etc. schwetzen. De Werteunterrecht huet sech bewert a Länner an Stied matt Bevölkerungen mat staarker Mixiteit.
Relioun ass onser Saach no eng Privatsaach, matt Optiounen wees ech persinlech net op dat giff dann ant philopsophie passen der eng oder aaerer relioun en privileg ze gin. No der Schoul waer menger Meenung no di bäschten Platz.
  Philippe Schockweiler
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Aarbecht
23.05.2009
Vum:

Hallo,

Wei kann een aerer Meenung no den CHomage zu Letzebuerg an den Greff kreien an reduzeieren.

Merci
Äntwert vum Philippe Schockweiler
1Recommandatioun
24.05.2009
Philippe Schockweiler
Leiwen Här Wagener

Dësst ass natierlech d´ Millioun Euro Fro op déi onsen Arbeschtsminister anscheinend jo keng Entwerten huet.
Am beschten kennen ech d Problematik vun dem Jugendchomage, duerfir erlabt mer op dessen am Meeschten anzegoen:

30% vun den enner 30 Jähregen hun keng Arbechtsplaz zu Letzebuerg: Dësst ass enorm dramatesch bedenkend dass mir een vun den raischsten Länner an Europa sin:
Zwee Problemer kristalliséieren sech emmer méih eraus:
1) Weiderbildung an Ausbildung
2) Arbeschtsvermettlung

1) Den Problem vum Chomage faenkt domadder un dass mer an onsen Schoulen guernet bis schlecht orientéieren. Dobai kennt dass vill Lait d Schoul ouni Diplom verloosen oder schlecht ausgebild gin! Hai mussen ma upaacken!
2) D´ ADEM muss renforcéiert gin fir dem Stuerm vun Chomeuren kennen gerecht ze gin an dass all Mensch deen an daer schwiereger Situatioun ass kann gehollef kreien, op di bescht Art a Weis.

En ganz detailleiert Dokument zu deem Thema fannt der beim jonken gréngen site direkt op der Haptsait dem Topthema "Chomage des Jeunes"

Den Dossier Arbecht fannt der op:
www.greng.lu

Desweideren daerf global gesinn d Weltwirtschafts- a Finanzkrise keen Pretexte sin fir Lait ze entloosen! Ma mussen weider d Leit beschäftegen och wann et engem Betrieb net su gudd geet. Oft gett Sozialoofbau an Personaloofbau bedriwwen vun Betrieber di na emmer gudd wirtschaften just well se wellen Käschten aspueren! Dat dierft net sin!
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Integratioun
23.05.2009
Vum:

Moien,

Vill Auslaenner wunnen hei zu Lezebuerg mee, integreieren sech net an eis Gesellschaft.

Wat kann een aerer Meenung machen fir dass sie sech besser integreieren, fir dat sie mei an eiser Gesellschaft opgeholl ginn.

Merci
Äntwert vum Philippe Schockweiler
2Recommandatiounen
24.05.2009
Philippe Schockweiler
Leiwen Här Wagener,

D´Integratioun zu Lëtzebuerg ass en grousst Thema. Mir hun en eenzegartegt Land matt baal 43% Lait di vun entzousch aanechters kommen (dat wuert Auslänner hun ech net gaeren an ech benotzen et och ongaeren).
Dëss Situatioun ass natierlech en défi an mir sin der Meenung dass an den läschten Joeren vill Falsch gemach gouff: Sou zum Beispill dat nait Nationalitéitengesetz, wat een vun deenen restrictifsten aus ganz Europa ass trotz daer demografescher Situatioun di mer zu Letzebuerg hun.
Een Faktor vun der Integratioun ass natierlech d Sprooch. Lo hun ma zu Letzebuerg dei Situatioun dass ma 3 offiziell Sprochen hun, an den gesonden Menschenverstand jo giff viraussoen dass et giff duergoen wann een eng vun deenen 3 Sprochen kann schwetzen an eng aaner verstoen.
De Problem ass dass jorzéngtenlaang keng uerdentlech Letzebuergeschcoursen, virun allem flächendeckend agefouert gouffen wu een haett kennten den Lait di aus engem aaneren Land oder Kulturkrees kommen haett kennen d Sproch baibrengen. Lo awer gett probeiert an engem Nationalitéitengesetz eng Sprochklausel anzeféieren wat absoluten Nonsense ass wann een bedenkt dass een deen 7 Joer am Land muss wunnen fir en Pass ze kreien jo bal bis zu dem Zaitpunkt censéiert waer d Sproch ze kennen. Gehéiert d Sproch net an en Immigratiounsgesetz wu een kann de lait optimal viraussetzungen setzen fir eng Sproch kennen ze leieren duerch Congé linguistique´en, duerch Förderkursen etc... an net an en Nationalitéitengesetz?

Natierlech verschlechtert onsen Wahlsystem deen na emmer grouss Parti´en vun den Lait di zu Lëtzebuerg wunnen vun den Wahlen ausschléisst, och d Integratioun, well Lait di net kennen matbestemmen, sin desinteresséiert och sech an enger Gesellschaft ze participéieren déi sie ausschléisst.

Gleich Rechter missten fir jiddereen zu Letzebuerg gellen, di burokratesch Hürden su niddereg wi meiglech sin, an den Zougang zu Schoulen, Sprochcoursen, sozialen Leeschtungen di selwescht sin fir all Mensch. Sou häett een mol besser Virraussetzungen fir eng besser Integratioun. Et muss een all Mensch di selwescht Chance bidden.
 
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Philippe Schockweiler
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.