Leiwen Här Schumacher,
leider hun ech den Tageblatt Artikel net gelies, an en och net um Internetsite vum Tageblatt fonnt:
Ech kann ierch ledeglech dei gréng positioun zum bedengungslosen Grondakommes gin:
"Mir stinn als déi gréng kritesch zum Prinzip vun engem bedingungslose Grondakommes. Zu Lëtzebuerg hu mir, contrairement zu anere Länner , wou déi Diskussioun iwwert esou ee Grondakommes gefouert gëtt, eng grondlegend aner Situatioun, wat dat sougenannte Sozialnetz ubelaangt. Mir hunn e Mindestakommes, en RMG an nach aner sozial Primmen, déi zu Lëtzbuerg eng weitgehend Ofsécherung fir all Mënsch garantéieren. Grondsätzlech stelle sech awer och aner Froen : d´Recht op Aarbecht gëtt mam Prinzip vum bedingungslose Grondakommes ausgehiewelt a mir riskéieren eng Gesellschaft ze schafen, wou et eng Majoritéit vu Leit gëtt, déi mat engem Mindestakommes mussen auskommen.D´ sozialt Gefäll an d´Ongerechtegkeete giefen an eiser Gesellschaft domadder verschäerft ginn.
Mir huelen awer domadder och d‘Betriber definitiv aus hierer sozialer Verantwortung eraus : de Loun gëtt zu engem Zousaz vun engem garantéierte Mindestakommes. Mir fragmentéieren eis Gesellschaft, well d´Aarbechtskondiditiounen an d´Rémunératiounen individualiséiert ginn. Dat wier eng geféierlech Entwécklung, déi zu enger neier Form vu Klassegesellschaft féiert. Mir splécken eis Gesellschaft an ee produktiven an een onproduktiven Deel, mat allen negative Konsequenzen. Och wat d‘Aarbechtskonditiounen ubelaangt, giefe mir riskéieren e Schrëtt no hannen ze maachen. Den Drock fir d´Aarbechtskonditiounen ze verbesseren, d´Froe ronderem d´Aarbechtszäiten, asw, asf, giefe sech ganz anescht stellen. Virun allem awer giefe mir mam Recht, fir sech aus dem Aarbechtprozess eraus ze halen, d´Pflicht fir sech aktiv an eis Gesellschaft anzebréngen ofschafen. Wa mir wëllen aktiv Bedingunge vum Liewen a Schaffen an eiser Gesellschaft matbestëmmen,
musse mir eis och als Bierger a Biergerinnen abréngen. Mam Modell vum bedingungslose Grondakommes "klinken" mir eis aus! "
Perseinlech hun ech och meng Bedenken, fannen d Iddi awer fir gewess Länner déi keng su héisch sozial Standards hun wéi mir zu Letzebuerg interessant. Fir en grondakommes zu Letzebuerg ze kréien misst een effektiv sech en ausgeklügelten System iwwerlehen net dass wi uewen erwähnt sech d Betrieber en Spaas draus maachen kennen Sozialoofbau, an Salairen ze kierzen.
Trotzdem sin ech interesseiert un dem Artikel, vlait kennt dir mer en iwwert main Blog,
www.schockweiler.blogspot.com zoukommen loosen
leif greiss
philippe.