Philippe Schockweiler (Déi Gréng)

Philippe Schockweiler
Joergang
1985
Berufflech Qualifikatioun
Student Geschicht, Anglisik Uni Tréier
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
(...) Dëss Länner sin um gudden Wee, mee och hai gin et na puer Problemer wi z.B d´ Ausliwweung vun Krichsverbriecher etc ... Natierlech ass d´ Baitrieden vun dëssen Länner wichteg fir Stabilitéit an Europa, an ech mengen och dass déi Länner alleguerten zur Europäescher Groussfamill gehéieren di leider duerch 2 Kricher, an den 2 Blocus´en WEST, OST opgedeelt gouffen. (...)
 
Froen un Philippe Schockweiler
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
25.05.2009
Vum:
Änder Dupont

Dier gidd dem Tram dem City-Tunnel géigeniwwer de Virzuch mat der Argumentatioun, datt en Tunnel ze deier eben duerch eng ëmständlech bauweis ass.

Gëtt den Tram am Endeffekt net awer unähernd, wann net esou guer d´selwescht deier wéi den City-Tunnel, wann een alles mataberechent (d´Leeën vun de Schinnen, den Ausbau vun der Neier an der Rouder Bréck, d´Aarbechten un der Kanalisatioun resp. de Stroum- a Waaserleitungen op deene Plazen wou se net déif genuch ënnert dem Buedem sinn, d´Uschaafung vu Wagonen etc.). Dier sot, den Tram wier nëmmen e Bausteen an engem neie Mobilitéitskonzept. Berücksichtegt een elo och nach d´Tatsaach datt d´Pendler nach ëmmer net an der Stad sinn, da mussen och nach d´Käschte fir Autobunns- an d´Zuchstreckenerweiderungen, zousätzlech Buslinnen, nei Opfangparkingen an d´Zuchstreck bis op de Findel déi ee muss sonner gesinn etc. zu den Tramskäschten dobäigerechent ginn.

Et ass jo awer eng Tatsaach, datt en Zuch, deen zum Beispill vun Diddenuewen iwwer Esch an d´Stad kënnt, duerch e Citytunnel d´Pendler direkt op en Aldringer oder Glacis brénge kann, während dessen bei engem Tram de Pendler elo just zousätzlech nierwt dem Bus de Choix kritt, fir an en Tram ëmklammen ze kënnen. Wat sot der da vum Här Schummer senge Berechnung vun der Unzuel u Persounen déi d´Stonn iwwer mat engem Bus oder Tram a mat engem Zuch transportéiert kënne ginn? Dier musst zouginn, datt do vill méi héich Kapazitéiten méiglech sinn. An dier musst awer och zouginn, datt de Problem jo net haaptäschlech an der Stad mee och ronderem d´Stad läit. Alleng schon d´Méiglechkeet fir direkt um Aldrénger erausklammen ze kënnen ass dach scho méi attraktiv fir de Pendler wéi awer nach op der Goar an en Tram ëmzeklammen fir op den Aldrénger ze kommen.

Dier gidd un, datt den Tram fir d´"Fäinverdeelung" zoustänneg wäert sinn. Mee si Buslinnen nët vill méi Flexibel fir eng Fäinverdeelung? Gesidd dier och Virdeeler beim City-Tunnel resp. Nodeeler beim Tram?
Äntwert vum Philippe Schockweiler
2Recommandatiounen
25.05.2009
Philippe Schockweiler
Leiwen Här Dupont,
Kloer haett en Zuch méih Kapazitéiten dat ass secherlech wouer, mee dat ass net de Punkt, an den Här Schummer präsentéiert och just déi Zuelen déi him sain Projet belehen an dat ass keng wessenschaftlech Approche: En ennerierdeschen Zuch misst dann jo rieseg Quai´en hun, emmerhin ass en normalen Quai teschend 120 a 500 Meter laang, je no längt vum Zuch (soucre DB). Matt deenen Proportiounen waer et onmeiglech puer Haltestellen opzerichten einfach well d Staat ze kleng ass. Dobai kennt datt en traditionnellen Zuch guer net fir dei Aufgab gerüst ass; luest Unfueren a Beschleunegen, laang Bremswee´er etc, dat giff sech guer net lounen. Net all Mensch well um Aldringer an op engem Punkt um Kierchbierg erausklammen, den Tram ass do vill vill méih flexibel. Deen kann op villen Platzen haalen, an brengt d´ Leit am Géigensaatz zum CityTunnel direkt opt d Schaff. Sou dass en CityTunnel-Benotzer just 3 Arrêt´en zum Choix haett an en dono rem misst emstéigen.
Doriwwer hinaus ass jo awer gewosst vum Transportministere sengen Zuelen, dass d Käschten utopesch waeren vun engem CityTunnel vis a vis vum Tram. An bedenkt weilaang daat giff daueren? D´ Fro sief erlabt, wéi et iwwerhaapt méiglech ass op su eng Iddi ze kommen, wessend dass ons Stadt op Sandsteen, oder festem Fiels gebaut ass, den Zentrum vun Däller emzingelt ass? Wéi sollt en CityTunnel vum Glacis opt den Kierchbierg kommen ? Dat ass jo bal onmeiglech, ausser et mecht een Rulltraapen wi am Moskauer Metro wu een 10-15mins ennert den Buedem fiert bis een eng Haltestell´ areescht huet? An daer Zait sin ech zefouss vun Bounneweeg op der Gare, mam Velo vun Bounneweeg an der Stadt um Buro...

Et ass eng Utopie ze mengen bei engem Mobilitéitskonuzept dass een Projet alleng, kéint sämtlech Problemer léisen: Ech hun jo och schon udaiten geloss dass den Tram een Bausteen, een Element vun engem gesammter Verkeierskonzept ass. Den Zuch spillt do och eng grouss Roll, deen gett jo och ausgebaut duerch d Gares Peripheriques, sou dass sech em d´ Staat ronderem en dicht Netzt vun Garen waert erriicht gin, ähnlech engem S-Bahn System. Busser och, verbannen dei eenzel Mobilitéiten madenenaaner an man och eng Verdeelung teschend den Quartier´en. Den Tram kann och erweitert gin, wait iwwert den Terrain vun der Stadt eraus. Dat ass sws schon ageplangt. (Ouni lo wellen opt d Mobilité douce oder aanerer anzegoen...)

Wat schlussendlech den CityTunnel giff maachen waeren zwou Saache:
  • e Grappvoll ennerierdeg Arrêt´en ennert der Staat schaafen
  • En Milliarden Budget friessen, mat deem een ouni Problem kéint en Tram matt puer Lignen an villen Arrêt´en bauen.

Also ech mengen dir gesidd Här Dupont, dass ech skeptesch sin vis a vis vum CityTunnel, an ganz eierlech teschend ons, wi ech di eischten Kéier dovunner héieren hun, hun ech di Iddi bal als Abrëllsgéck oofgestempelt. :-)

Remarque Personelle: Ech hun dann nach en Problem mam CityTunnel sou wei en proposéiert gouff vum ADR. Et ass einfach eng Fuederung, déi dorobber aus ass Stëmmen ze fänken an Leit ze spalten - dat ass net dei feinsten Art a Weis, an dat muss een fairer Weis namol betounen.

Ganz leif Gréiss
Philippe.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
25.05.2009
Vum:
Lydia Majerus

Herr Schockweiler,

Déi Gréng an besonnesch déi jonk Gréng setzen sech jo géint den Iwerwaachungstaat an. Lo schreiwt dir awer an ärem Programm zur Krise, daat dir gären géift en Maut-System anféiren, den per Satelit iwerwaacht sollt ginn.
("Auch eine Verbindung zur Satellitentechnik im Bereich Steuerung der Mobilität (Stichwort Autobahn-Maut) und damit dem wichtigen Standbein SES erscheint sinnvoll.")

Wéi ass daat elo mat ärem Engagement géint Iwerwaachung ze verstoen? Oder soll den Iwerwaachungs-System just exportéirt ginn an aaner Länner?
Äntwert vum Philippe Schockweiler
bis elo kengRecommandatiounen
25.05.2009
Philippe Schockweiler
Leiw Madame Majerus,
merci fir aer Fro!

Wei der erkannt hun sin besonneg déi jonk gréng virreider zu Letzebuerg wat den Datenschutz an d Iwwerwaachungsproblematik ungeet:

Dëssen Punkt ass en Detail an der Wirtschaftsajoute zum Wahlprogramm wu et drem geet, wei een kann konkret Letzebuerger Betrieber rem unt d Rullen kréien: An dessem Deel ass net gemengt d Autobunnen ze iwwerwaachen per Satellit, wat eierlech eng grouss Verletzung vun den Biergerrechter waer, mee et geet eischter em den Techneschen Deel, an iwwert Satelliten-Datenvermettlung, an d´ Steierung vum System. Ech kann ierch berouegen dass et sech hai net em eng Iwwerwaachung handelt.

Pour Info: Wann der wieklech enker deen komplettsten Dossier zum Thema Datenschutz&Iwwerwaachung zu Letzebuerg wellt liersen dann schloen ech ierch deen vir:
www.greng.lu


Leif Gréiss

Philippe.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Justiz
25.05.2009
Vum:
Nathalie Glodt

Firwat sinn net emol d´ Recht op Liewen durch d´Grondrechtsencharta vun der EU-Constitutioun gesechert
an ennert bestemmten Emstaenn d´Doudesstroof erem ermeiglecht gett?
Fier d´eischt well ech emol soen, dass et un Kierperverletzung grenzt den LissabonVertrag iwwerhaapt ze liesen!
Elo zreck zu menger Fro:
Am Art.II-62 VV steet klip a kloer dass d´Grondrechter iwwerholl gin.
Mee dann an der Foussnote vun der Foussnote, do steet d´Wouerecht!
"Eine Tötung wird nicht als Verletzung dieses Artikels angesehen, wenn sie durch eine Gewaltanwendung
verursacht worden ist, die unbedingt erforderlich ist, um jemanden gegen rechtswidrige Gewalt zu verteidigen….
einen Aufruhr oder Aufstand rechtmäßig niederzuschlagen….ein Staat kann in seinem Recht die Todesstrafe für
Taten vorsehen, die in Kriegszeiten oder bei unmittelbarer Kriegsgefahr begangen werden. Diese Strafe darf
nur in den Fällen, die im Recht vorgesehen sind und in Übereinstimmung mit diesen Bestimmungen angewendet werden."
Also ist die Todesstrafe in Kriegszeiten oder bei unmittelbarer Kriegsgefahr möglich.

Wann Dir elo soot : D´Doudesstroof steet hei zu Letzebuerg an kengem Gesetz mei. Richteg.
AWER wann d´EU Duerchfeierungsbestemmungen fir "Missiounen" d.h Krisch, fir Krisenreaktiounsasätz mecht,
wann d´EU z.B d´Regelung fir e solche Krischsfall trefft, welch d´Doudesstroof ermeiglechen,
dann kann een net mei soen, dass dest geint d´Grondrechter an der EU versteisst. Well genau dat wier un
deser Explicatioun ze moossen.

En Grondrechtschutz vum Liewen am Krischsfall oder bei onmettelbarer Krischsgefor gett et also net mei.
Well et europäesch Rechtsakten wärte sin, kann een se ne tun eisem Grondgesetz moossen.
Art.102GG.

Fannt Dir daat do wierklech gut? An sidd dir trotz desen FAKTEN nach emmer fir en JO zu desem Lissabonvertrag?
Äntwert vum Philippe Schockweiler
bis elo kengRecommandatiounen
26.05.2009
Philippe Schockweiler
Leiw Madame Glodt,

Merci fir aer Fro:

Aer Fro ass absolut berechtegt an dir weisst och do op eng paradoxal Situatioun hin.
Den Passage deen der zitéiert kennen ech gudd, well et een vun den Knackpunkten ass besonneg vun Gréngen di jo matt Menschenrechter a Biergerrechter een vun hieren "Fonds de Commerce" hun. An verstidd mech net falsch, mee als jonken Aktivist deen aus den Menschenrechtmillieu kennt, da kënnt der ierch jo och virstellen wéi ech zu deem Artikel stinn!

Den Traité vun Lissabon ass alles aaneres wi perfekt, et ass en Sammelsurium un deels komenschen Passagen wi deen dee der mer zitéiert huet. Trotzdem ass den Motto vun der grénger Europapolitik "konstruktiv a kritisch". Mer hun als gréng fraktioun am Europaparlament en Katalog opdegedescht matt deenen Saachen di ons an deem Vertrag net gefaalen, an kritiseieren dat och enorm stark. Lo ass et awa sou, dass an dem Vertrag och enorm gudd Sachen dranstinn: De Vertrag giff d EU-Parlament vis a vis vun der Kommissioun an dem Conseil des Ministres immens staerken, an giff och vill Prozeduren méi transparent an demokratesch man. Ons Iwwerlehung ass daher follgend: En NEE zum Lissabonner Vertrag, ass en NEE wu een sech punktuell géint puer Passagen wiert, mee et ass virun allem och zereck goen bei den Vertrag vun Nice(deen wieklech op gudd letzebuergesch anachronisteg an nulleg ass), an hoffen dass iergendwann, an ferner Zukunft, d politesch
Machtverhältnisser et erlaaben eng "perfekt" (opwuel et dat bekanntlech gett) Verfassung/Verfassungsvertrag ze kréien. En NEE zu Lissabon ass en zereck zu Nice an dat waer wieklech nach mi dramatesch...
Dofir soen mir kloer als gréng: wessend dass den Text net perfekt ass an drôleg op gewessen Platzen(wi dei di dir mir grad zitéiert huet) mee virun allem wessend dass ons de Lissabonner Vertrag eng vill besser Ausganngspositioun gett fir d Kommissioun ze kontrolléieren, ons méih Afloss gett als Parlament vis a vis vun aaneren EU-Gremien... kann desse Vertrag interessant gin vir weider kennen ze schaffen, an d EU vun bannen ze reforméieren, an dat ass onsen Esprit "Europapolitik, kritesch an konstruktiv". Well fir ons ass et och kloer, dass wann ma bis déi Instrumenter hun, musse ma et duerchsetzen dass en staarken EU Vertrag oofgestemmt gëtt an all op dem selweschten Dag, vun den europäeschen BiergerInnen! Am Moment, ass dat awer onméiglech well deem eenzeg demokratesch-gewielten EU-Gremium, dem Parlament déi Handelsfraiheeten fehlen.

Trotzdem giff ech awer och dovunner warnen zefill ze generaliséieren, an ze soen dass elo Doudesstroof keint erem duerch d Hannerdiir agefouert gin, mee et ass secher dass hai misst den Europäeschen Gerichtshaff fir Kloerheet suergen.

Fir wéider Froen kann ech ierch nemmen empfeelen, di gréng EU-Spetzenkandidatin Nuria Garcia hai um Site ze froen, d´ Nuria ass Expertin op deem Thema wubai ech éierlech muss sin dass EU-Politik mech enorm interesséiert mee meng Stäerkten éischter op aaneren Dossier´en laien.


Léif Gréiss,
Philippe.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
25.05.2009
Vum:
Sam Walther

Moien Philippe,

Well ech selwer um Internet vill ennerwee sinn fannen esch ären "Share my music" projet ganz flott! Mee wei eng alternativen ginn et dann gegeniwer vun den traditionnellen Methoden Musek ze verbreeden ?

Schéi Gréiss
Sammy
Äntwert vum Philippe Schockweiler
1Recommandatioun
25.05.2009
Philippe Schockweiler
Salut Sammy,
merci fir d´ Fro!

Mir sin der Meenung dass d´Musek an d Filmindustrie den Fortschrëtt vun den naien Medien net matgemach huet, respektiv verschlof hun, an dofir setzen sie elo hier voll Lobby ann fir an Europa oder an den respektiven euro. Länner eng Rai repressiv Gesetzer opt d Schinn ze brengen.

Wéi eng aaner Modeller gin et:
  • Et gin ganz banal CC, Creative Commons, eischter awer fir mi kleng Kenschtler di keen Profit aus hiere Wierker schloen kennen
  • KULTURFLATRATE - onser Meenung no den Modell vun der Zukunft: Hai bezillt een een Betrag am Joer, oder pro Semester, Trimester, an dann kann een aus dem Internet eroflueden. Duercht bezuelen giff een sech dann d´ Rechter vum audio-visuellen Material secheren.
  • Taxen op CD/DVD Rohlinge matt deenen een dann soit-disant sech duerch 5cents méih pro gekaaften Rohling droits d´auteur erkaaft huet

Je, et ginn vill Methoden an Wee´er, mee bis elo fiert d Industrie dank hierer starker Lobby na emmer op der Repressiver Schinn. Soumadd ennerstetzen sie keng kleng Kenschtler mee kucken just no hierem Profit. Onst Motto ass daher ganz kloer: Support Artists! not Multinationals!

leif greiss

philippe.
 
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
27.05.2009
Vum:
Alex Hornung

Léiwen Här Schockweiler,

Ons traditionnel Denkmodeller gin momentan kräfteg durchgerëselt. Mier duerchliewen richteg historesch Momenter, den Englänner schwätzt vun "Window of opportunity". Kéinten mir deen nët als eng riiseg Chance ugesin an en Paradigmenwiessel virundreiwen? Ewech vun enger Logik, déi jidfereen zwengt zur Maximéierung vun kurzfristegen an egoisteschen Zieler mat schädlechen Auswirkungen opp ons Emwelt an Matmënschen. Hin zou engem méi mënschlechen Mateneen an wou den Mënsch an d´Kultur am Mëttelpunkt stinn. Dat héiert sech utopesch unn. Loost Iech soen dat et och e puer Jorhonnerte gedauert huet bis jidfereen iwerzeecht wor dat d´Erd em d´Sonn dréint. Wann mir dann dem Gordon Moore saïn Gesetz an d´Geschicht transposéiren - mir wëssen haut vill, vill méi - dann misst esou en Paradigmenwiessel jo spilles an 10 Joer ze packen sin. d´Beispill vun Wikipedia weist ons em wéivills méi Séier mir haut eppes grousses upacken an realiséieren können. An dobai sin dem Internet seng Méiglechkeeten nach laang nët zu Enn geduecht.

Gesidd dir och den "Window of opportunity"? Wat halt Dir vun dësen Iwerleeungen? Kéint Dir Iech virstellen bei esou engem groussen Projet matzeschaffen?

Mat beschten Gréiss

Alex Hornung
Äntwert vum Philippe Schockweiler
4Recommandatiounen
27.05.2009
Philippe Schockweiler
Leiwen Här Hornung!
Merci fir aer Fro!

Dat ass wieklech eng super interessant Fro, an fir en jonken Idealist gett et jo bal naischt méi schéines wéi sou Visiounen ze kommentéieren déi dir grad hai uschnéit.

Entgéint vun deem wat d Popkultur emmer behaapt dass dat chinesegt Wuert vun Krise aus den 2 Symboler fir "Gefor" mee och "Chance" besteht, trefft daat awer op dat haiten zou:

Den rasanten Technegen Fortschrett vun den läschten 30-40 Joer, sou wéi den turbo Entwecklung vun naien Medien an insbesondere Internet bidden effektiv ganz nei Meiglechkeeten opp. Endlech hun méih Leit op der Welt Zougang zu Informatioun, a Weiderbildung, an et gellt desst Angebot och weiterhin auszebauen, mee emmer matt starken Augenmerk drop dass et net zu engem 2-KlassenInternet kennt , dh. Netzneutralitéit beibehaalen etc.

Ech gesinn awa och "windows of opportunities" bei aaneren Saachen, insbesondere dem System wéi ons Finanzen an ons Wirtschaft funktionnéiert.
De Kapitalisteschen System ass just gudd fir eng Saach: Suen ze schäffelen: MEE en ass blann firun 2 Saachen: Nämlech schäffelten deenen engen d Suen weg, an en ass absolut ongerecht an der Verdeelung, an en ass blann wu d Suen hinfléissen. D.h. Leit di haut nach emmer vun der "onsichtbarer Hand" vum Marché schwetzen, respektiv vun der aaler Binsenwahrheit "De Marché reguléiert sech selwer", huet net verstaanen wat d´ Enjeu´en sin vun onser Zeit. Mee och hai gesinn ech Chancen: Obwuel mer den gréissten Valeursverloscht an der Geschicht vun der Menschheet erlierwen hun mer eben en window of opportunity dëss Chance ze notzen!
Et daerf elo net sin, wat viller fuederen vun den Europäeschen Sozialisten, Liberalen an Konservativen dass ma einfach weider suen an den Casino pompelen, deen d Spiller bankrott gespillt hun. Ma mussen een vir alle Mol de "Casino" zouman, an dei ganz Bankgeschäfter transparent man an demokratiséieren! Zukunft kann nemmi an Hedgefonds leien, déi engen d Geld oofkneppen respektiv just op den Turbo-Profit aussinn. Een vir alle Mol muss elo Schluss sin domadder. Mer brauchen "Social-Responsible" Fonds, also Fonds di an Emwelt, Nohaltegkeet oder zukunft investéieren an dat ouni dass se aaneren schueden: Hai lait neemlech och d Zukunft: Ma mussen ons Wirtschaft gréng kréien an soumadder di 3. Inustriell Revolutioun ant d Weer leeden(reguléierung, Krediter fir nohalteg Projet´en etc...)
Schon elo schaffen an Daitschland méih Lait an dem Beraich vun der Emwelttechnologie wei an der Autosindustrie(!). Et gëllt wegzekommen vun der Fossiler Faal, an der Energiekrise matt ernaierbaren Energiequellen entgéintzewierken. Onst Ziel als grénger bleiwwt: 40% Ernéierbar Energien bis 2020! Dofier fuederen mir jo och den "GREEN NEW DEAL" en exemplareschen Investitiounsplang deen genau hai upeekt: 5 Milliarden Euro fir 5 Milliounen nai gréng Jobs an deenen Secteuren an Europa an den nächsten 5 Joeren. Wisou elo an Erneierbar Energien investéieren?
Ganz einfach: Wann ma aus der Finanzkrise bis erausgekroch sin waerten ons Uelegproduit´en an den Barrelpraiss erem explodéieren, dat ass ABC-Wëssen vun der Wirtschaft, eng Source déi zur Neige geht gett daier. DH. Wann ma elo schon an greenjobs, ernaierbar Energien investéieren kennen ma elo schon eppes géint d Krise man, gleichzeiteg eppes geint d Energie- a Klimafaal man, an soumadder probeieren och d Verdeelungsongerechtegkeet vun onser Welt ze bekämpfen. Well dat sin ons 3 Haptproblemer momentan: Weltwirtschaftskrise, Klima- an Energiekrise an d Hongerskrise an der südlecher Hemisphäre! Bis elo hun ech na keng aaner Partei heieren vun deem globalen Zesummenhang ze schwetzen, wat mech net wonnert, mee ech kann ierch soen dass ech houffreg sin Deel ze sin vun daer Iddi, di wait iwwert dëss Wahlen erausgeht!

En Green New Deal fir Europa, fir Letzebuerg, an virun allem och global, ass menger "humbler" Meenung no, deen eenzegen Wee wéi mer deen Paradigmenwiessel hinkréien kënnen, an een vun den eenzegen Weer, den Steinzeitkapitalismus hannert ons ze loosen.

You may say I´m a dreamer...but I´m not the only one, sot den John Lennon schon, an wann ech ierch richteg gelies hun, dann sin mir jo elo schons zu Zwee ! :-)

Ganz Léif Gréiss

Philippe.



 
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Philippe Schockweiler
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.