Philippe Schockweiler (Déi Gréng)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Philippe Schockweiler
Joergang
1985
Berufflech Qualifikatioun
Student Geschicht, Anglisik Uni Tréier
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
(...) Salut Patrick,
merci fir d´ Fro!

Virun puer Joeren haten mir déi Fuederung esou vertrueden, dat stëmmt. Am moment ass et awa sou dass sech d Drogenproblematik zu Letzebuerg enorm zogespëtzt huet an déi Fuederung esou elleng nemmi duergeht, mee et muss een méi wait aushuelen fir schlussendlech kennen douce Drogen ze entkriminaliseieren, ou voir legaliseieren.

(am ultra resume)
Zu Letzebuerg hun ma eng grausam inkohärent an scheinhelleg Drogenpolitik. Den Haptvollet ass na emmer Repressioun duerch d Police, an dat daerf sou net sin: Gréng Drogenpolitik ass ent streng Reguléierung an eng kloer, wu et en Katalog gett matt wei engen psychoaktiven Substanzen legal sin an wei eng net: Hai ginn et puer Pillier´en (...)
 
Froen un Philippe Schockweiler
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
31.05.2009
Vum:
Guy

D´Tram-Léisung ass wahrscheinléch nët ze réaliséiren (zumindest nët zu engem raisonnablen Preis-Leeschtungsverhältnis).

Wann en alles mat arechent (a nët nëmmen 2 oder 3 ausgewielte Posten) an och d’Erspuernisser am Mobil 2020 déi de Bus-Bunn Konzept erméiglecht, ass de Bus-Bunn (och nach RER genannt) vill méi bëlleg wéi d´Tram Léisung. Detailer fannt dir um Site www.rer.lu.

Doriwer eraus ass d´Bus-Bunn Léisung vill méi leeschtungsfähig wéi d´Tram-Léisung.

Den Tram bréngt e besschen méi Kapazitéit, wéi déi Bussen, déi den Tram ersetzt.
Am Tram-Konzept muss e méigléchst daks emsteigen (vum Zuch op den Tram, dann op de Bus, ...).
Déi vill Haltestellen a Kräizungen op der Tramslinn kaschte vill Zäit.
E wichtege Problem ass och de Risiko vu Stauen (duerch ze vill Verkéier oder duerch Akzidenter).

De Bus-Bunn bréngt eng grouss zousätzléch Kapazitéit (komplett Zich mat 2 Stäck).
Duerch déi +- 12 Garen op de wichtegste Punkten vun der Stadt kënne ganz vill Leit direkt mam Zuch bis (bal) dohin fueren, wou si hi wëllen.
D´Buslinnen kënnen duerch e leeschtungsfähegen Zuchréseau an der Stadt verbonne gin. Doduerch kann de Knuet (Stau an der Avenue de la Liberté, um Aldringer, op de Bréken, ... ) aus ville Bus-linnen eliminéiert gin.

Wann e manner Autoen an der Stadt wëll, muss e keen Tram bauen, den déi puer grouss Stroossen a Bréken blokéiert.
Et ass besser
  • engerseits eng leeschtungsfäheg Alternativ unzebidden (Bus-Bunn Konzept)
  • an anrerseits méi Foussgängerzonen, Busspuren, Velosweeër, breet Trottoiren, Géngstreifen, ... unzeleeën.
Dat ass och politesch vill méi liicht duerchzesetzen.

De Bus-Bunn Konzept ass vill méi ausgereift, wéi den Tram-Projet.
Iwerzeecht iech selwer a vergleicht d´Dokumentatioun vum Transportministère (vill irrelevant Detailer, wichteg Punkten ignoréiert, kéng Léisung fir déi vill Problemer)
mat der viirbildlécher Dokumentatioun um www.rer.lu.

Wéi gudd kennt dir den Dossier ?
Fannt dir och, dat de Bus-Bunn Konzept déi besser Léisung ass ?
Äntwert vum Philippe Schockweiler
bis elo kengRecommandatiounen
01.06.2009
Philippe Schockweiler
Leiwen Här

merci fir aer Fro,

Ech fannen ma sollten zu Letzebuerg Diskussioun évitéieren een Projet géint deen aaneren auszespillen. Wéi déi gréng et, soit am Schäfferot oder an der Chamber schon widderhuelt gesot hun, gëtt et keng eenzel Mesure déi ons Verkéiersproblematik giff léisen, mee et ass e ganzt Mesurenpaket wat een dofir brauch.

Den Projet RER alleng geht ennert dem Strëch net duer, an Hand opt Haerz, en Projet ennert d Aalstadt, matt Unesco-Kulturerbe, duerch de Sandsteen op der Kierchbierg (ennerierdeg? Bréck...) gëtt en vill méi déiert Ennerfaangen wéi den Tram. En ass an sengen Usätz awer net schlecht an absolut net vun Mutwëll: Wann der d Avant-Projet´en vum Transportministère kennt, da wësst der dass jo och vill nai Gares périphériques geplangt sin, wat herno villeicht op en s-bahn-ähnlechen Betrieb giff erauskommen, oder wi sain franséichen Homologue heescht: RER. Doteschend brauch een awer en performanten an flexibelen System, en nohaltegen System, deen och d Stadbild absolut zum positiven ännert, nämlech den Tram. Et ass nämlech och hai sou dass d Leit net nëmmen wëllen um Kierchbierg beim Heichhaus, bei der Coque oder dem groussen Centre Commerciale rausklammen, mee se wellen dorausklammen wu hier Arbechtsplaz ass, an do bidd den Tram duerch mi kuerz Oofstänn vun den Arret´en en absoluten Virdeel.

Ech méngen ech haalen mech awer kuerz, zumol der main vollen Plädoyer fir en Tram an géint en ennerierdegen System kënnt hai um Site bei mi eeleren Froen noliersen!

Mat bäschten Gréiss

Philippe.
 
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Sécherheet
01.06.2009
Vum:

Här Schockweiler,

Dir engagéiert ierch jo vill matt äeren jonken Gringen géint Iwwerwaachung! Mee sin Kameras awer net eng gudd Methode géint Verbriecher virzegoen? Gesidd dir datt nett sou dass een sech duerch Kameras méi sëcher spiert?
Äntwert vum Philippe Schockweiler
2Recommandatiounen
02.06.2009
Philippe Schockweiler
Gudden Moien Mme ,

D Kameraiwwerwaachung dréit hechstens zu engem subjektiven Sëcherheetsgefill duer, dh. gewëss Lait spieren sech vielleicht méih à l´aise wann se wessen dass eng Kamera do ass, obwuel déi meescht Léit suguer sech éischte mal à l´aise spieren, wëssend dass se iwwerwaacht gin!

An engem vun den Mammenlänner vun der Kameraiwwerwaachung, England hun mettlerweilen Studien vun Universitéiten awer och den Leit wi den Chef vun der Englescher Kriminalpolzei, Scotland Yard sech dofir ausgeschwat d Kameraiwwerwaachung oofzeschaafen respektiv reckgängeg ze man.
Fakt ass nämlech dass eng Kamera keen Crime kann verhënneren mee just bei der Opklärung kann hëllefen. Sougesinn konnten d Kamera´en bei den Londoner Terrorattacken vun 2005 zwar all d Attentäter filmen, mee net verhënneren dass eppes geschidd. D´ Material vun den Kameras gëtt och net an Echtzeit nogekuckt wat bedait dass keen engem kann zur Hëllef eilen wann eppes geschidd. Perséinlech gesinn ech enorm Problemer matt den Kameras am Bereich vun den Biergerrechter, dass all Mensch enner Generalverdacht gestallt gett an och am Bereich vum Datenschutz. Verbriechen hun bal emmer eng soziologesch Origin, dofir giff ech et vill mi wichteg fannen et investéiert een ant d Preventioun an et setzt een méih Sozialarbeschter, Streetworker etc um Terrain an.

Bescht Gréiss

Philippe.
 
 
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
02.06.2009
Vum:
Guy

Kuerz Froen zum Thema "Tram oder Bus-Bunn ?"
Och wann dir nët op all Froen eng Äntwert wësst (oder fannt), äntwert w.e.g. op déi Froen, wou dir d’Äntwert wësst.
Op www.rer.lu fannt dir vill Informatiounen!

Verléiren d’Leit léiwer Zeit mat villen Haltestellen am Tram, wéi e puer Minuten ze Fouss ze goen ?

Wéivill Garen an Haltestellen sinn am Projet Bus-Bunn fir den Zuch um Territoire vun der Stadt Lëtzbuerg geplangt ?

Wéivill Garen an Haltestellen fir Zuch respektiv Tram sinn am Projet vum Transportministère geplangt ?

Wéi grouss sinn d’Tunnelen fir de Bus-Bunn verglach mat denen fir d’Nordstooss ?
Méi oder manner lang ?
Méi oder manner groussen Duerchmeesser ?

Ass et méi einfach oder méi schwéier en Tunnel duerch de Sandsteen an der Stadt ze bauen oder an extrem schwierege Gebitt (z.b. Nordstroos Tunnel Gouft)?

Wéi grouss sinn déi ennerirdesch Haltestellen vum Bus-Bunn Projet ongeféier ?
Fläch vun der Sektioun méi oder manner grouss wéi déi vun den Tunnellen zu Lorentzweiler fir d’Nordstrooss (déi 2 Richtungen zesummegezielt)?

Kennt dir déi elegant Léisung vum Georges Schummer fir duerch de Péitrussdall ze fueren?

Wéivill kascht de Bus-Bunn, wann e nët alles mat arechent wat souwisou am Mobil 2020 geplangt ass a wann en d’Erspuernisser berücksichtegt déi am Mobil 2020 erméiglecht gin ?

Sinn d’Tramslinnen (zirka 6 Meter breet fir déi 2 Richtungen) aleng fir den Tram reservéiert?
Oder kënnen do och Bussen, Taxien, Autoen, Veloen, … driwer fueren ?

Ass et méi einfach, zousätzléch Linnen fir en Tram ze fannen, wéi fir Bussen?

Stinn d’Leit léiwer am Stau, wéi e puer Minuten duerch en Tunnel ze fueren ?

Wéini schätzt dir
  • kéint fréistens en Tram iwert d’Rout an déi Nei Bréck fueren ?
  • kéint den Tramskonzept esou weit ausgebaut sinn, fir esou leeschtungsfäheg ze gin wéi de Bus-Bunn schon no der 1. Phase ass?

Gett et Leit an ärer Partei, déi den Dossier gudd kennen ?
Wien zum Beispill ?

Bescht Gréiss
Äntwert vum Philippe Schockweiler
bis elo kengRecommandatiounen
02.06.2009
Philippe Schockweiler
Här ,

Ech probéieren op aeren Froenkatalog an den bescht méiglechen Délai´en ze entwerten, wann ech dat nemmi hinkreien op dei 20 Froen ze aentwerten publizéieren ech déi Froen op méngem Blog

bescht gréiss

philippe.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Schoulen
02.06.2009
Vum:
-

Här Schockweiler,

Di Gring setzen sech fir en Werteunterrecht an a behaapten et géiff keen Choix fir d Kanner. Ass dann net den d Wahl teschend Morale Laique an Reliounsunterrescht en Choix? Wisou sidd dir géint d Relioun an der Schoul, obwuel si en Bestanddeel vun onser Kultur ass?
Äntwert vum Philippe Schockweiler
4Recommandatiounen
04.06.2009
Philippe Schockweiler
Leiwt -Jo´

Et gesait op den eischten Bléck dono aus weiwann eng Wahlfreiheet giff bestoen, mee dat ass nemmen deels wouer. D´ Kanner hun keen Recht op Selbstbestëmmung well d Elteren fir sie entscheeden:

Dofir ass d Fro ubruecht: Geht et em den Elteren hier reliéist Ausrichtung oder em d Bildung an eng fair an ubruechten Entwecklung vun den Kanner? Ech mengen et ass kloer dass et jidderengem em "eng fräi Entwécklung vun de Kanner, als Viraussetzung vir spéider selwer e fräie Choix treffen ze kennen" (Zitat Manuel Huss, Blog)

Dorunner ass ganz enk d Fro gekoppelt wisou zu Lëtzebuerg en eenheetlechen Werteunterrecht wichteg ass:
  • Mer hun zu Letzebuerg en enorm pluralistegt Emfeld an gesellschaft an d Schoul steht do virun groussen Erausfuederungen. Een gemeinsamen Werteunterrecht keint de Kannner en gemeinsamen Background gin vun Werter wat enorm positiv waer. Nachmol am Resumé vum Manuel Huss séngem Blog:
"Mer liewe jo an enger Zäit, déi geprägt ass vun 2 sozialen Zoustänn: éischtens eng ëmmer méi pluralistesch Gesellschaft, an zweetens eng multimedial Reiziwwerfluutung, déi virun allem Kanner a Jugendlecher betrëfft. D’Kombinatioun dovun ass eng grouss Erausfuerderung fir d’Wäertevermettlung an eiser Gesellschaft, wat virun allem an der Verantwortung vun der Schoul leit. D’Schoul huet jo net just d’Aufgab, Wëssen ze vermëttelen, mee se soll d’Gesellschaft och am Enneren zesummen halen. Wann mer d’Kanner elo opgrond vun der Reliounszougehöregkeet vun hiren Elteren grad bei der Wäertevermettlung vun en een trennen, an de kathoulesche Reliounsunterrecht, d’Sammelbecken ‘Moral Laique’ a mëttlerweil ass jo och scho vun engem muslimesche Reliounsunterrecht riets, dann kann dat fir de gesellschaftlechen Zesummenhalt nëmme kontraproduktiv sinn. Wesentlech méi sënnvoll wier et, d’Kanner alleguer an e gemeinsame, neutrale Wäerteunterrecht ze schécken, wou se net vuneneen getrennt sinn wéinst kënstlechen Ënnerscheeder, déi si souwisou net verstinn, mee wou se hir Gemeinsamkeete kenneléieren kennen. Insgesamt sinn sou Opdeelungen dach Schwaachsenn" (Manuel Huss, Blog)

Et ass secher dass Letzebuerg en kathoulegt geprägtent Land ass. Mir sin jo net geint eng Relioun oder dei aaner mee mir sin fir en laizistegen Staat, also en Staat wu et eng Trennung teschend Kierch a Staat gëtt. Sou zum Beispill beim Steierzueler, wu mir fir den italieneschen Modell otto-per-mile ons asetzen, dh. dass een een klengen Brochdeel vun sengen Steieren entweder enger Glaawenscommunauteit oder enger ONG, enger gemeinnützeger Organisatioun etc. zougudd kommen leisst. Reliounsfreiheet bleiwwt awer en onalienéierbart Menschenrecht an all Mensch ass dozou befugt déi reliéis spirituell Ausrichtung ze praktizéieren déi hien wëll.

Léiw Gréiss
Philippe.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Land an Forstwirtschaft
03.06.2009
Vum:

Här Schockweiler,

Well dir relativ schnell an komplett op d´Froen hei Äntwert well ech Iech dann och eng kuerz Fro zu engem mir perséinlech ganz wichtege Sujet stellen.

An ärem Wahlprogramm steet datt dir Gentechnik an der Landwirtschaft klor refuséiert. Gëllt dat och fir d´Fudder ? De Gen-Soja zum Beispill ass jo och zu Lëtzebuerg am Asatz, just datt et net op den Endprodukter muss dropstoen dei vun desen Déieren kommen, wann ech richteg infroméiert sinn (Mellech a Fleesch z.B.).

mmbg,
Äntwert vum Philippe Schockweiler
1Recommandatioun
04.06.2009
Philippe Schockweiler
Leiw Mme ,

D´ Geforen vun der Gentechnik sin nach emmer net ganz erfuerscht. Besonneg Laangzaitstudien fehlen momentan nach. Mee déi Studien déi et bis elo vun onoofhängegen Experten gëtt, daiten awer enorm kloer un dass d Gentechnik rieseg Geforen biergt. Dofir ass et wichteg dass een duerch en Zesummenspill vun Landwirtschaft- a Verbraucherschutz, sou dubiéist Geschichten wéi den MON-810 Genmais oder genmanipuléiert Saatgut vun aaneren Firmen net bei ons opt d Felder léisst. Mir hoffen dass et geschwenn zu engem europäeschen Moratoire kennt fir déi Saachen ze verbidden. Et kann net sinn dass Daischtland een Daag den Mon-810 Genmais verbidd an 2 Wochen dono den Amflora Gen-Kartoffel erlabt...

Wat fir d Menschen gëllt, gëllt och fir d Déieren. Wann een Notzdéieren matt Genfudder wie z.B Gensoja aus Brasilien oder Paraguay fiddert kann dësst och hiert Ierwmaterial veränneren, an hai sin wi gesot d Studien och na net komplett, respektiv et gëtt een matt dubiéisen Studien vun der Industrielobby Sand ant d Aan gestreet. Dofir muss hai och ganz kloer en Moratoire kommen, fir d Béischter ze schützen (well wéi een gottverdaamten Recht erlaabt et en Déier matt su engem Dréck ze fidderen) an natierlech déi lait déi Déierenproduit´en konsomméieren, op wuel ech als Vegetarier jiddernengem dat oofroden :)

Léiw Gréiss

Philippe.
 
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Philippe Schockweiler
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.