Leiwen Här
Merci fir äer Fro:
Dësst ass secherlech eng enorm interessant Fro. Fir se ze beäntwerten erlabt mer dass ech enker kuerz aushuelen an ant d Vergaangenheet kucken: Letezebuerg huet et an den läschten Joëren verpasst ant d Zukunft ze investéieren an z.B en Zukunfsfond opzestellen. Desweideren hun ma duerch opportunistesch Staierpolitik an Bonbons virun de Wahlen emmer erem ons Staieren absolut net nohalteg an no der Zukunft ausgeluecht.
Lo kréien ma dat natierlech ze spieren, an et ass schued dass déi gréng Kritikpunkten nie konnten afléissen an de läschten Joeren.
Lo ass et awa sou, wéi dir ganz richteg sot dass Emwelt, Soziales, an Entwecklungshëllef missten an den nächsten Joeren Prioritéiten sin, an deem stëmmen ech zou. Mer befannen ons nämlech net nemmen an enger Wirtschaftskrise mee déi Finanz- a Wirtschaftskrise verdeckt hannert sech nach eng Klima- an Energiekrise, an eng Verdeelungskrise oder soen ma einfach den akuten Noustand an der Südlecher Hemisphäre.
Nëmmen wann ma et faerdeg brengen déi 3 Krisen gemeinsam ze bekämpfen, well se sin ennereneen verbonnen a vernetzt - da kennen ma ménger Meenung no d Viraussetzungen setzen fir eng "besser, propper an gerecht Zukunft". Leider sin déi gréng di eenzeg Partéi déi deen Zesummenhang bis elo sou erkannt hun an hoffen dass nodeem sech all Partéien mettlerweilen jo well en Gréngen Mäntelchen ugedon un dass och hiert Handelen nohalteg gëtt well dovunner sin ma menger Meenung no Meilenweit weg. Den Retard deen se vis-a-vis vun 25-joer Emweltpolitik verpasst hun, an deen just déi gréng matgemach hun kann een schoguernet an engem Wahlkampf ophuelen.
Letzebuerg ass bei senger Budgetspolitik do och net grad nohalteg: Tanktourismus an Bankensektor sin ons Haaptrecetten; an och hai muss su munches passéieren:
- Amplatz profit-giereg Hedgefonds di op kuerzmeiglechsten Profit aussin ze verkaafen, misst ons Bankenplaz di kleng a flexibel ass an deemno schnell switchen kann, sech op Social-Responisble Fonds konzentréieren, also Fonds di nohalteg sin! Schon elo hun déi Fonds en enormt Wuesstumspotential an waerten wéider klammen
- Den Tanktourismus, deen ons zwar Recetten bréngt mee am Boomerang-Effekt als Kyotochecks déi ma mussen bezuelen zereckfléit, an matt CO2-Gasen di ons verpäschten. Iwwerdenken!! : Letzebuerg mecht et sech hai enorm einfach andeem et och deelweis sech domadder rechtfertegt dass jo den verkaften Benzin ant d Ausland geht. (ouni lo iwwerhapt drop anzgoen dass all normalen Mensch deen den ABC vun der Economie kënnt engem waert soen dass den Ueleg a Benzin an den nächsten 30-50 Joer zu Enn geet an eng rare Ressource emmer méih daier gëtt)
Ech sin iwwerzeegt dass een och hai kann en Paradigmentwiessel ervirbréngen, andeem een an ernaierbar Energien, GreenTech, Ecotech investéiert. Scho lo schaffen an Daitschland méih Lait an der Emwelttechnologie wi an der berühmt berüchtegter daitscher Autoindustrie...stellt ierch vir wéivill dat der an den nächsten 15 Joer sin... duebel suvill laut der "Wirtschaftswoche". (12/2009) Duerbai muss awa och eng ökologesch Stéierreform kommen fir déi ganz Saachen ze bündelen an natierlech sozial ze staffelen, well gréng gëtt net deier, et gett erschwénglech fir jiddvereen an sozial-gerecht.
Ech stëmmen ierch namol absolut zou dass äer 3 genannten Prioritéiten waerten an den nächsten Joëren déi wichtegst Themen gin! Dat kann ech ma net nemmen virstellen mee sinn ma dees och sëcher.
Natierlech dierf een duerbai nëtt déi sozial Oder aus dem Aan verléieren, mee wéi ech ierch jo schon gesot hun, all Mesure muss sozial-gerecht respektiv sozial-gestaffelt gin. Di grouss Herausfuederung waert sin wéi ma déi schlecht Ausgangspositioun dank miserabeler Staierpolitik an kengem Zukunftsfond waerten iwwerbrécken. Duerfir grad elo ass d Investéieren an ernaierbar Energien a gréng Technologien vun rieseger Bedaitung! Sie schaafen Arbechtsplazen hai am Land,ergo gudd fir d Economie an de Wuesstum, maachen ons onoofhängeg vum Ueleg an Gas etc. Also eng Win-Win Situation!
Dir gesidd ech keint dach wéider a wéider iwwert dat Thema schwetzen, mee roden ierch un mech enker ze kontaktéieren via main Blog dann kann een dat secherlech nach puer mol verdéiwen!
Léif gréiss an alles Gudds,
Philippe.