Plafonnement vu Banker-Bonifikatiounen
Dat Europäescht Parlament huet en Plafonnement op cash an am viraus bezuelte Bonifikatiounen beschloss. Domatt gëllen an der EU déi weltwäit strengste Reguléierungen fir Bonusbezuelungen u Bank-Manager.
Hannergrondinformatiounen
Di beschlossen Reguléierung gesäit fir, dass nëmmen 30% vun de Bonus-Payementer cash an am Viraus ausbezuelt ginn, bei besonnesch groussen Bonifikatiounen maximal 20%. zwëschen 40% a 60% vun all Bonuspayement musse mindestens 3Joer laang zeréckgehale ginn a kennen erëm ugefuerdert ginn, wann sech Investitiounen vun de Manager net wei prognostizéiert entwéckelen.

Op dësem Wee sollen Salairen a Bonifikatiounen op Basis europawäiter Richtlinnen besser zesumme gekoppelt sinn.

Enplus gëtt et e neit Reglement bei de Pensiounen. Sou soll net méi méiglech sinn, dass Manager héich Pensiounsusprech bezeien, obwuel hir Banken a finanziell Schieflag gerode sinn.

Dës Gesetzesinitiative gesäit weiderhin vir, dass Banken wou gerett gi sinn, d' Gesammtsomme u Bonuspayementer staark limitéiere mussen. Weiderhin sinn se dozou obligéiert, eng stabel Eegekapitalgrondlag ze fuerderen a Geld an d' Realwirtschaft z' investéieren.
No der Ofstëmmung am Plenum muss den Europäesche Rot der Directive zoustëmmen. Dës gëllt allerdéngs nëmme nach als "Formsaach", well de Bericht virdrun vun de Parlamentarier an dem Rot zesummen erschafft gouf.
Di nei Reguléierungen fir Bonuspayementer trieden viraussiichtlech ab Januar 2011 a Kraaft.
Di Reguléierungen zu Eegekapitalufuerderungen gi spéitstens Enn 2011 aktiv.

D'Virlag gouf mat 625 Jo bei 28 Neen-Stëmmen an 37 Enthaalungen ugeholl.
Commentaire vun Visiteuren zur Ofstëmmung
Commentaire #2
tfvtvelhtyji</a>, [url=http://jwtkyjbctyxi.com/]jwtkyjbctyxi[/url], [link=http://msfrxsbbpwux.com/]msfrxsbbpwux[/link], http://intbegbkirwf.com/">UHZNoq <a href=\"http://tfvtvelhtyji.com/\">tfvtvelhtyji</a>, [url=http://jwtkyjbctyxi.com/]jwtkyjbctyxi[/url], [link=http://msfrxsbbpwux.com/]msfrxsbbpwux[/link], http://intbegbkirwf.com/
vum: Ã?Â?re Numm
um: 12.11.2013 01:14
Commentaire #1
UHZNoq <a href="http://tfvtvelhtyji.com/">tfvtvelhtyji</a>, [url=http://jwtkyjbctyxi.com/]jwtkyjbctyxi[/url], [link=http://msfrxsbbpwux.com/]msfrxsbbpwux[/link], http://intbegbkirwf.com/
vum: Ã?re Numm
um: 12.11.2013 01:14
Äre Commentaire zur Ofstëmmung
Spamschutz - wie viel ist 11 + 4:
  • Ofstëmmungsresultat