politikercheck.lu an 3 Minuten...
1. Wat kann ech op politikercheck.lu machen?
Op politikercheck.lu kennt Dir:
  • erausfannen, wei eng Kandidatin oder wei en Kandidat bei de Walen vum
7.Juni 2009 ungetruede sin an hier Aussoen och an eisem Archiv noliesen.
  • d´Politikerinnen a Politiker fir di aktuell Legislaturperiod ëffentlech befroen.
All Funktiounen sinn ouni Registréierung méiglech an selbstverständlech gratis.
2.Wei stellen ech meng Fro ob www.politikercheck.lu?
All Politiker huet bei PolitikerCheck.lu eng Profilsait, ënnen ob der Säit befënnt sech en Froenformular. Doriwwer kennen d‘Bierger hir Froen aginn.
3.Wei kommen ech zu de Profilsaiten vun de Politkerinnen a Politiker?
Fir ob dës Profilsaiten ze kommen ginn et 2 Méiglechkeeten:
  • Dir selectionéiert op eiser Startsäit Chamber oder Europaparlament.
  • Dier gitt uewen lenks an eisem Sichfeld den Numm
vum Politiker an, a kommt esou direkt ob seng Profilsait.
4.Wei gëtt en sachlech an fairen Dialog op politikercheck.lu assuréiert?
All Fro an all Äntwert gëtt vun engem Moderatiounsteam gelies, an mat eisem
Codex verglach. Domat wëllen mir assuréieren dass d‘Froen z.B keng Insultatiounen,
Froen zum Privatliewen oder Mails matt Menscheveruechtendem Contenu
op politikercheck.lu verëffentlecht ginn. Bei net fraigeschalten("moderéierten") Mails ginn souwuel de Froensteller wei och de Kandidat iwwert de Grond vun der Netfraischaltung informéiert. De Prozess ass also vollkommen transparent. De Moderatiouns-Codex ass op all Profilsait ennerhalb vum Froenugabefeld verlinkt.
5. Wien stécht hannert politikercheck.lu
politikercheck.lu ass e Projet vun der Politikercheck ASBL.
D´Politikercheck ASBL ass iwwerparteilech an institutionell onofhängeg
6. Wei finanzéiert sech politikercheck.lu
Den Dialog mat de Wielerinnen a Wieler ass fir d´Politiker gratis.
Zousätzlech zur Basisinscriptioun kreien d´Politikerinnen a Politiker op hirer Profilsäit eng Profilerweiderung geschenkt am Wert vu mensuel 14,40€. Dës beinhaltet de Moyen,niewent enger Foto an Videoën och e Liewenslaaf, d´politesch Zieler an en Eventkalenner an dem eegene Profil anzestellen. Des Profilerweiderung ass eng zousätzlech Offer. D´Basisdonnéen wei Numm, Partei, Walkrees, berufflech Qualifikatioun an Professioun sou wei den Dialog mat de Wielerinnen a Wieler sinn selbstverständlech d'office gratis.
Fir dëse Walkampf hunn och alleguerten d´Kandidatinnen an d´Kandidaten dës Erweiderung am Wäert vun mensuel 14.40€ vun der Politikercheck ASBL offréiert kritt, als Merci fir hier Participatioun un dësem Dialogportal zwëschen Bierger an Politiker.
Mir hun och wëlles dese Montant weiderhin fräiwelleg ze maachen, well en "devoir d' achat" och wann et sech nemmen em Zousatzfunktiounen handelt, der Idee vun gréisstmeiglechen Dialog zwëschen Députéierten a Bierger net am Wee soll stoen.
Fir weider Détailler consultéiert wann ech gelift de folgende Link
www.politikercheck.lu