Robert Goebbels (LSAP)
Abgeordneter EU-Parlament

Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Robert Goebbels
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Nationales
26.02.2010
Vum:

Gudden Nowend Här Goebbels

Ech wollt iech just froen op daat matt deem Transport fun der Gellenfra wierklech huet missen sinn, an Zeiten wei dess wou fill Leit em hieren Job mussen färten, Kriis ass emmer nach do, an bei sou fill Chomeuren , soen ech mer einfach datt daat Geld fleicht besser op engem Sozialen Plang ugeluecht wier.

Natierlech sinn ech een Mensch deen op internationalen Austausch fill wärt leed, mee ech fannen datt ett dem Staatsbudjet gudd geif doen dei Somme fun deeenen Trabsportkäschten kinnt aspueren.

Meebon Entscheedung ass gefall , an ech hoffen datt ett eppes beidroen kann fier dei économesch Laach hei am Land ze verbesseren, well och Luxusbuerg geet ett nett gudd an ett brauch een nett bis op Haiiti ze fueren fier Armut ze gesinn, mee hei am Land gett ett och fill Leit dei nett mei wessen waaat se sollen iessen.

Matt Beschten Greiss

PR

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 6 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
26.02.2010
Vum:

Fir wat gouf net vill eichter derfunn geschwat.an net alles just virun fete acomplie..An fir wat gouf follek net gefrot?

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 4 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Nationales
27.02.2010
Vum:

Moien,
ech hätt eng Fro iwert "Gelle Fra", wéi wahrscheinlich well vill anerer. Firwat kënne mer net Copie op Shanghai schecken an Orginal hei ze Lëtzebuerg halen. Der soot ët géing end Kopie gemeet ginn, falls dem Orginal eppes geschitt, mee wäer ët nët méi sënnvoll Kopie ze verschecken an mer behaalen eis Orginal fir emmer. Sollt dem Orginal eppes geschéien an mer stellen eng Kopie dohenn, dann ass daat nët mi "Gëlle Fra", well di nët daat mat gemeet huet wi Orginal! Also froen ech mich, ob ët nët méi secher wier, mer géingen eng Kopie op Shanghai schecken. Desweideren soot Der, daat "Meerjungfrau" jo o géing gescheckt gin, mee vläit hunn Lëtzebuerger jo méi een Nationalgefill an haalen zu hiiren Monumenter. Mer befannen eis well an enger schwéirer Zäit(Crise, etc.) an eis "gëlle Fra" erënnert eis drun, datt ët na vill méi schwéier Zäiten gouf an datt ët dono rem biergop gangen ass. Zu enger Kopie wäerte mer ni sou engt Gefill kréien, an wier daat nët schued?

ech erwaarden keng Äntwert, mee ech hoffen datt Der dës Gedanken liest an Eech vläit e puer Gedanken doriwwer maat, well Lëtzebuerger haalen méi zu hiirem Land, wéi een mengt,
merci a mat frëndlichen Gréiß,

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 2 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Kultur
28.02.2010
Vum:

Kultur Bonjour Här Goebbels,

Dir soot jo dass d´Gelle Fra net nemmen en Symbol,mee och en Konschtwierk ass.

Meng Fro ass des:

Huet desen Kenschtler net aner Skulptueren déi och vun Onschätzbarem Wert sin an ebensou eng Bedeidung hun fir des Weltausstellung déi jo zu Shanghai ofgehaalen get?

Wann Dir wellt d´Letzebuerger Konscht duerch d´Welt presentéieren hät Dir dann do net och Moyen´en Kenschtler mat Hieren Wierker aus Letzebuerg, déi och am Mudam ausgestallt sin,duerch d´Welt ze schecken oder läit dofir keen Budget zur Verfügung?

Daat kéint an villen Berufer eigendlech och eng Meiglechkeet bedeiden wéi zum Beispill Porzeläinsfabrik,den Hight-Tech. deen héi an Letzebuerg et jo get an,an,an?

Vill Berufer sin héi ausgestuerwen,mee se kéinten och erem opkommen mat méi Hight-Tech,mat méi Emweltfrendlechkeet asw.,asf,oder net?

D´Agrarressorten wieren och keen schlechten Moyen fir sech dobaussen an der Welt ze presentéieren oder muss alles erem an der EU ugefroot gin fir en Budget de Présentation du Pays
op d´Been ze stellen,wann schon alles globaliséiert get firwaat net d´Gelee´enheet fir éist klengt Land notzen ech hoffen ech gehéien net zevill duergerneen?

Nun,ech hoffen dass Dir mir des puer Froen beäntwerten kennt,wäl ech fanen dest Land zou ze betonéieren fir méi eng grouss Populatioun virweises ze hun an awer keng Arbechtsmoyen´en kreeéiert ze hun ass eng Rechnung déi nie opgoen kann,ouni daat eent kann een daat anert net réaliséieren,oder?

Mat bäschten an frendlechen Gréiss:


Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
29.07.2010
Vum:

Här Goebbels

Kult Iech dës Dokumenter un. tiny.cc tiny.cc

Dir sot dass mir zu Lëtzebuerg op der Säit vun deenen Domme stinn well mir net mat BASF kooperéieren tiny.cc . Den Chefankläger vun dem Nürnbergerkrichsverbriecherprozess Nummer 6 géint dës 24 Manager vun BASF IG Farben, den Telford Taylor sot 1947: "Their purpose was to turn the german nation into a military machine so it could impose her dominion on europe and later on other nations beyond the seas. They were the warp and woof(the essential fabric) of the dark mantle of death that settled over Europe." tiny.cc

Pardon fir meng "Dommheet", wei Dir sot. tiny.cc
Hutt Dir Iech ni mat der Geschicht vu BASF beschäftegt? tiny.cc

Är Kritik wier eventuell villäicht justifiéiert, WANN BASF net dëse fuerchtbaren Hannergrond hätt, wei am Nürnberger Krichsverbriecher Prozess Nummer 6 akribesch bewisen. tiny.cc

Mir domm Leit, Här Goebbels mir kënne verzeien, mä mir vergiesse ni!!! Et steet ausser Fro dass dës Firmen eist Geld kréien! tiny.cc

Wou hutt Dir nach di moralesch Legitimitéit fir Israel als Terrorstaat ze bezeechnen wann Dir Iech gläichzäiteg fir de Profit vu Firmen engagéiert wou d´Shoa ze veräntweren hunn? tiny.cc .

"Hört her, ihr Ältesten,horcht alle, ihr Bewohner des Landes! Ist so etwas jemals geschehen? In euren Tagen oder in den Tagen eurer Väter? Erzählt euren Kindern davon! Und eure Kinder sollen es ihren Kindern erzählen Und deren Kinder dem folgenden Geschlecht." Buch Joel 1, 1-3

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Är Fro un Robert Goebbels
  • Gouf Är Fro schon gestalt?
    Duerchsicht all Froen an Äntwerten an dësem Profil no engem Stéchwuert
  • Är Fro gouf bis elo net gestallt ?
    Gitt hei wann ech gelift Är Kontaktdaten an Är Fro an:
  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun enger valabeler E-Mails Adress as obligatoresch
    Dëst as noutwenneg , vir Iech iwwert eng Äntwert vum Deputéierten z'informéieren oder bei Réckfroen kontaktéieren ze kënnen. Är E-Mail Adress gëtt weder un de Politiker nach un Drëtter weiderginn.

  •  

    Dës Donnéeën sinn obligatoresch
    Se gett net verëffentlecht, mee un den Deputéierten weiderginn.

  •  

    Des Donnéeën sin optional.
    Se gëtt net verëffentlecht an nëmmen zu interne Verwendungen respektiv vir eventuell Reckfroen benéidegt

  • noch 2000 Zeichen

  • Folgend Felder goufe net ausgefëllt oder weise Fehler op.
    Virnumm, Familljennumm, E-Mail Adress und Uertschaft

  • Ech erkläre mech matt der Verëffentlechung vu menger Fro op politikercheck.lu anverstaanen.
    D' Fräischaltung ka jee no Benotzeropkommen e.Ë. e puer Stonnen daueren, vue que dass all angoend Fro vun engem Moderatiounsteam gepréift muss ginn.
    Ech hunn de Moderatiouns-Codex gelies a sëchergestallt, dass meng Froen net géint dësen verstéisst Moderatiouns-Codex opruffen
    Falls meng Fro net fräigeschalt ka ginn, wäert ech doriwwer vun engem Modérateur informéiert ginn.
    Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt Är IP-Adress gespäichert, awer net verëffentlecht oder un Drëtter weiderginn. Weider Informatiounen erhaalt Dir an eiser Dateschutzerklärung