Vum:


Kultur Bonjour Här Goebbels,
Dir soot jo dass d´Gelle Fra net nemmen en Symbol,mee och en Konschtwierk ass.
Meng Fro ass des:
Huet desen Kenschtler net aner Skulptueren déi och vun Onschätzbarem Wert sin an ebensou eng Bedeidung hun fir des Weltausstellung déi jo zu Shanghai ofgehaalen get?
Wann Dir wellt d´Letzebuerger Konscht duerch d´Welt presentéieren hät Dir dann do net och Moyen´en Kenschtler mat Hieren Wierker aus Letzebuerg, déi och am Mudam ausgestallt sin,duerch d´Welt ze schecken oder läit dofir keen Budget zur Verfügung?
Daat kéint an villen Berufer eigendlech och eng Meiglechkeet bedeiden wéi zum Beispill Porzeläinsfabrik,den Hight-Tech. deen héi an Letzebuerg et jo get an,an,an?
Vill Berufer sin héi ausgestuerwen,mee se kéinten och erem opkommen mat méi Hight-Tech,mat méi Emweltfrendlechkeet asw.,asf,oder net?
D´Agrarressorten wieren och keen schlechten Moyen fir sech dobaussen an der Welt ze presentéieren oder muss alles erem an der EU ugefroot gin fir en Budget de Présentation du Pays
op d´Been ze stellen,wann schon alles globaliséiert get firwaat net d´Gelee´enheet fir éist klengt Land notzen ech hoffen ech gehéien net zevill duergerneen?
Nun,ech hoffen dass Dir mir des puer Froen beäntwerten kennt,wäl ech fanen dest Land zou ze betonéieren fir méi eng grouss Populatioun virweises ze hun an awer keng Arbechtsmoyen´en kreeéiert ze hun ass eng Rechnung déi nie opgoen kann,ouni daat eent kann een daat anert net réaliséieren,oder?
Mat bäschten an frendlechen Gréiss:
