Robert Goebbels (LSAP)

Robert Goebbels aktuell
Donnéeën zur Persoun
Joergang
1944
Berufflech Qualifikatioun
Ministre de l'Economie, Ministre des Transports et Ministre des Travaux publics (1989-1994). Ministre de l'Economie, Ministre des Travaux publics et Ministre de l'Energie (1994-1999)
Ausgeübte Professioun
Député au Parlement européen (depuis 1999).
Uertschaft
-
Walkrees
Lëtzebuerg
Landeslëschteplaatz
-
weider Profiler
Parlamentaresch Aarbecht
Ëffentlech Aussoen
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
16.10.2009
Vum:

Léiwen Här Goebbels,

Ech sin erschreckt vun der héicher Zuel un Lobbyisten bei der EU zou Bréissel. Gët et öffentlech Lëschten vun den Lobbyisten? Wun wiem gin se bezuelt? Wat machen si zou Bréissel? Firwat gët et si iwerhapt do? An beschneiden d´Lobbyisten nët ons Biergerrechter?
Wéi gesidd Dir dat? Ech freen mech Aer perséinlech Meenung ze liesen.

Mat beschten Gréiss
Äntwert vum Robert Goebbels
10Recommandatiounen
20.10.2009
Robert Goebbels
Léiwen Här ,

Merci fir är interessant Fro.

Lobbyisten, respektiv Leit däi verschidden Interessien vertrieden, si keen neit Phenomen. Schon bei den Griicheschen a bei de Reimer goufen et Lobbyisten. Et ass eng Tatsaach, dass do wou Decisiounen geholl ginn (an dat ass an Europa eben zu Bréissel, wou d´Europaparlament, de Conseil an d´Kommissioun sinn), allméiglech Lobbyisten hier Interessien wëllen un de Mann/Fra bréngen. All Bierger huet d´Recht, sech un seng gewielten Politiker mat sengem Uleies ze adresséieren.

Oft heescht et, dass Lobbyisten finanziellen Interessien no ginn. Dat maach net falsch sinn, mä deem sief och derbäigesoot, dass vill Lobbyisten an aneren Beräicher wei z.B. dem Ëmweltschutz, de Mënscherechter oder dem Déiereschutz täteg sinn, fir nëmmen déi ze nennen. Et get keen Beräich wou Lobbyisten net täteg wieren.

An der EU gëtt et een ëffentlechen, awer net obligatoreschen Register fir Lobbyisten webgate.ec.europa.eu

Perséinlech empfänken ech éischter seelen Interessevertrieder an loossen mir sécher net vun esou Leit meng Meenung diktéieren. All Deputéierten soll kapabel sinn sech seng eegen an onofhängeg Meenung zu de verschiddenen Dossieren ze maachen.

Mat beschten Gréiss,

Robert Goebbels
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
25.02.2010
Vum:
Dan

Här Goebbels,

Wei stid Dir dozou dass op facebook.com enner den linken
www.facebook.com
an
www.facebook.com
an
www.facebook.com
sech iwer 4000 Leit ugemeld hun an géint d´Verléinen vun der Gëlle Fra ausgeschwat hun?

Zielt dem eenzelnen Bierger seng Meenung net fir Iech?

Ech kann gudd verstoen dass den Eenzelnen net emmer fir alles gefrot get, dofir hu mer jo eis Politiker gewielt.
Mee bei esou engem kriddelechen Thema wei d´Gëlle Fra sin ech der Meenung, an ech stin net aleng do (kuckt Iech facebook.com un) dass d´Letzebuerger en Wuert mat ze schwetzen hun.
Et as ze einfach fir d´Leit emmer virun en fait accompli ze setzen an dann net ze réagéieren wann d´Leit net averstanen sin.
Wisou get net eng Kopie op Shanghai gescheckt?

Wei réagéiert Dir op dei vill negatif Kritik zu ärer Entscheedung fir d´Gëlle Fra a China ze verléinen?
Hudd Dir welles iwer dem eenzelnen seng Meenung ewech ze goen an un ärer Décisioun fest ze haalen?
Weini kënnen mer mat enger Reaktioun vun Iech rechnen?

Merci fir Äntwert.
Mat beschte Gréiss,
DAN

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 118 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Gesondheet
26.02.2010
Vum:
Dan

Loost weg d´gelle Fra hei am Land a schekt d´Kopie !!!

Mär hu näischt mat enger Miérjongfra ze din...an d´Chinesen haaten och d´Kopien vun hirer Arméi geschekt...also.......!

ansonsten sin ech amfong iwerzégt datt Dir eng gutt Aarbecht maacht.....mee bon....hei leien eis Meenungen auserneen!

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 3 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Kultur
26.02.2010
Vum:

Mech ging interresséieren wien dann die ganz preiskëschten fier Gelle fraa iwerhöllt ?

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 4 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Kultur
26.02.2010
Vum:

Här Robert Goebbels, ech wees näischt mat Ären Infoen unzefänken?

1. Den Dan huet Ierch eng Froh gestallt, déi ech kann ganz gut verstoen, mee Äer Äntwert dorop geet miir net dur...

2. Virwwat setzt dir Ierch iwer deem Énzelnen Biirger seng Rechter eweg??

3. Et geet net dur wann Diir schréiwt: < Perséinlech empfänken ech éischter seelen Interessevertrieder an loossen mir sécher net vun esou Leit meng Meenung diktéieren. All Deputéierten soll kapabel sinn sech seng eegen an onofhängeg Meenung zu de verschiddenen Dossieren ze maachen. > domat kann ech leider näischt ufänken, well et diktéiert keen Ierch Äer Meenung, mee héi dréint et sech habtsächlech och em´d Meenung vunn alle Biirger...

Maat beschte Gréiss:

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 4 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Är Fro un Robert Goebbels
  • Gouf Är Fro schon gestalt?
    Duerchsicht all Froen an Äntwerten an dësem Profil no engem Stéchwuert
  • Är Fro gouf bis elo net gestallt ?
    Gitt hei wann ech gelift Är Kontaktdaten an Är Fro an:
  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun enger valabeler E-Mails Adress as obligatoresch
    Dëst as noutwenneg , vir Iech iwwert eng Äntwert vum Deputéierten z'informéieren oder bei Réckfroen kontaktéieren ze kënnen. Är E-Mail Adress gëtt weder un de Politiker nach un Drëtter weiderginn.

  •  

    Dës Donnéeën sinn obligatoresch
    Se gett net verëffentlecht, mee un den Deputéierten weiderginn.

  •  

    Des Donnéeën sin optional.
    Se gëtt net verëffentlecht an nëmmen zu interne Verwendungen respektiv vir eventuell Reckfroen benéidegt

  • noch 2000 Zeichen

    Ech erkläre mech matt der Verëffentlechung vu menger Fro op politikercheck.lu anverstaanen.
    D' Fräischaltung ka jee no Benotzeropkommen e.Ë. e puer Stonnen daueren, vue que dass all angoend Fro vun engem Moderatiounsteam gepréift muss ginn.
    Ech hunn de Moderatiouns-Codex gelies a sëchergestallt, dass meng Froen net géint dësen verstéisst Moderatiouns-Codex opruffen
    Falls meng Fro net fräigeschalt ka ginn, wäert ech doriwwer vun engem Modérateur informéiert ginn.
    Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt Är IP-Adress gespäichert, awer net verëffentlecht oder un Drëtter weiderginn. Weider Informatiounen erhaalt Dir an eiser Dateschutzerklärung
  • Folgend Felder goufe net ausgefëllt oder weise Fehler op.
    Virnumm, Familljennumm, E-Mail Adress und Uertschaft