Madame

,
De Westen vum Land ass duerch zwee Haptaspekter markéiert. Engersäits seng Verkéiersaxen an anersäits seng wonnerschéin Naturkulturlandschaften. Als éischt bidden déi dräi Verkéiersaxen, dat heescht Arlererautobunn A6, an Nationalstrooss N6 zesummen mat der Eisebunnsstréck Lëtzebuerg - Arel - Bréissel, Transitverbindungen durch Lëtzebuerg vom Norden aus der Belsch an Holland Richtung Süden, wou vill Léit e Stopp maachen. Als zweet huet de Westen vum Land eng Vielfalt vu Naturkultursiten, a fir der nëmmen e puer ze nënnen : "Vallée des sept Châteaux", de Mamerdall, de Äischdall, den Atertdall, de Mariendall, ervirsträichen wëll ech Schlässer vu Schoenfels, Ansembourg a Koerich, schéi Bëscher déi zu Naturbëscher kéinten déklaréiert ginn, wéi de Engelsratt zu Mamer a zum Schluss wëll ech nach just als Kiicht um Kuch de Site vu der Gäichel nënnen mat zwee extraklass Restaurants.
Kombinatioun vu dëse zwee Aspekter mat enger flotter Landschaft a mat Léit déi eng Escale maachen, kéinte de Westen vum Land méi valoriséiren, wa déi néideg Infrastruktur dofir do do wären an dann déi entspriechend Promotioun gemaach gif ginn.
Ech denken un d´Arichten vu engem oder zwee Hôtelen, am beschten relativ no bei der Autobunn, an dann un d´Kréatioun vun engem Naturpark "Westen", souwéi dat zum Beispill mam Naturpark "Uewersauer" de Fall ass, fir Léit unzezeien. Héi gett elo schon eng bestëmmte Viraarbecht am Kader vum Leader Projekt gemaach. Points d´attraits kéinten ënner anerem Nouspelt mat de Péckvillecher, a der Brenneréi sinn. Am Schlass zu Schoenfels gett am Kader vum Mamerdall och e Centre d´accueil de réserves naturelles vu der Natur- a Forstverwaltung ageriitt.
Wat och unzedenden wär, wären Verkéiersverbindungen mam Bus Richtung Süden, sprich Belval-Université, fir méi nohalteg Synergien ënnert de Regiounen ze schaafen.
Dir gesitt am Résumée gesot d´Kréatioun vu engem Naturpark "Westen" wär menger Meenung no déi richteg Léisung fir de Westen vum Land, an héifir wäert ech mech och asetzen.
Mat menge beschte Gréiss,
Roger Negri
Député