Roy Reding (ADR)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Roy Reding
Joergang
1965
Berufflech Qualifikatioun
Licencié en droit international. Maître en droit des affaires. Avocat à la Cour
Ausgeübte Professioun
Selbststännegen Affekoot
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
D´ADR ass net fir de Lissabon-Vertrag well mir si mat ganz villen vu séngen Dispositiounen absolut net d´accord! Mir wollten mat eisem vote an der Chamber weisen, dat mir e Referendum iwwert déi Vertrag wollten, fir dVollék selwer decidéieren ze loossen. Mais daat hun d´Kollejen vun CSV an LSAP gefaart ewei Fixfeier. (...)
 
weider Profiler
Froen un Roy Reding
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Nationales
01.06.2009
Vum:

Moien Härr Reding,

Wiesou mescht är Partei gemeinsam Saach mat italieneschen Postfaschisten? Dir haat den Härr Eugenio Preta vun der italienescher Alleanza nazionale op ärem Kongress. Och esou Parteien wéi déi dänesch extrem-riets Dansk Folkeparti gehéiren zu der UEN (Union für das Europa der Nationen), zu där är Partei sech asoziéiert huet.

Deelt dir d´Meenung vun esou Parteien? Verstoppt sech hannert der ADR ieren eng rietsextrem Partei? Oder probéiert dir domadder "just" och déi Wiehler, déi den Pierre Peters net méi wiehle kennen, ze kréien?

Daat sinn Froen, déi mesch beschäftegen. Ech fannen e puer vun ären Ideen ganz gudd, mee ech well awer keng Sympatisanten vun Faschisten wiehlen!

Merci fir är Äntwert!
Äntwert vum Roy Reding
1Recommandatioun
02.06.2009
Roy Reding
Leiwen Haer MUCKES,

Ech kann iech versecheren datt d´Idien vun der ADR alles aaneschter ewei "faschistesch" sin, am Geigendeel !!! Ech denken eisen Wahlprogramm schwaetzt do eng mei ewei deitlech Sprooch !

Secher gouf probeiert eis als " riets" ze diffameiren well mier zB geint
Auslaennerwahlrecht sin ooder eiser nationaler Identiteit an hierem Schutz, ooder eiser Sprooch eng wichtech Plaatz ageraumt hun. An do waar natierlech de fait datt den UEN-Generalsekretär zu Gaascht ob eisem Europakongress waar alt nees eng Keier Waasser op d´Millen vun eisen politeschen Geigner.

Ewei all aaner Partei och mussen mier eis am EU-Parlament enger Fraktioun uschleissen. Dobai kucken mier ob eis europäesch Usiichten meiglechst deckungsgleich sin. Dofier hun mier eis der UEN associeiert, dei d´Souverainiteit vun den Membersstaaten an eng wiirklech " Subsidiariteit" an den Viirdergronn stellt. Daat heescht aawer ob kee Fall datt een ansonsten deenen aaneren Mitgliedsparteien hier Ideologie muss déelen ooder mat deenen hieren nationalen Programmer averstaan sin.

Esou huet zum Beispill d´Allianza Nationale elo mam Haer Berlusconi senger Partei fusionei´ert an sin elo Member vun der EVP- der chröschtlech-sozialer Fraktioun. Trotzdem ass d´CSV esou weineg Sympathisant vun " Faschisten" ewei mier !

Ob oett d´UEN nach noom 7ten Juni goett wees ech noett. Mier waerten eis secher nees enger Fraktioun uschleissen dei eiser Grondastellung zu Europa oentsprecht an fier mei Demokratie, mei Transparenz an Respekt firun den eenzelnen Nationalstaaten an hierer Souvereiniteit antroett a bestoemmt noett enger Fraktioun dei fier en mächtechen europäeschen Zentralstaat steet.

Ech hoffen does kuurz Aentwert huet aer Froen beäntwert.

Roy REDING
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Nationales
02.06.2009
Vum:

Léiwe Kandidat,
Ech stelle mir d´Fro, vu dass dir als eng vun deenen eenzegen Parteien op getrennte Leschten fir d´Chamber an Europawalen verzicht hutt; wéi dir daat da maacht wann dir op den 2 Leschte gewielt ginn. Wéi e Mandat huet Prioritéit?
Merci fir är äntwert
Äntwert vum Roy Reding
1Recommandatioun
02.06.2009
Roy Reding
Villmools Merci fier aer berechtecht Frô.

Meng Partei huet verlaangt datt Landes- an Europawahlen sollen zeitlech
getrennt gin, da wier a) deen dooten Problém geleist an b) d´Europawahl
opgewaert.

Mier hun dei beschtmeiglech équipe fier d´Europawahl obgestallt well mier
dei europäesch Frô fier extrem wichtech haalen an wiirklech hoffen datt ADR
doess Keier mat engem Vertrieder an d´EU-Parlament anzeit.

Wien daat elo ass soll virun allem de Wieler nexten Sonndech entschéden.
Oett muss noett onbedengt den Eischtgewielten daat Mandat unhuelen, mais
secher schécken mier och keen vun den leschten !

Villes haengt jo och vun eisem natioanlen Resultat oof, enger eventueller
Regierungsbedeelegung asw. Wichtech ass datt ALL Kandidat prinzipiel bereet
ass en "Stroosbuerger" Mandat ze akzepteiren !
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Roy Reding
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.