Roy Reding (ADR)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Roy Reding
Joergang
1965
Berufflech Qualifikatioun
Licencié en droit international. Maître en droit des affaires. Avocat à la Cour
Ausgeübte Professioun
Selbststännegen Affekoot
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
D´ADR ass net fir de Lissabon-Vertrag well mir si mat ganz villen vu séngen Dispositiounen absolut net d´accord! Mir wollten mat eisem vote an der Chamber weisen, dat mir e Referendum iwwert déi Vertrag wollten, fir dVollék selwer decidéieren ze loossen. Mais daat hun d´Kollejen vun CSV an LSAP gefaart ewei Fixfeier. (...)
 
weider Profiler
Froen un Roy Reding
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
17.05.2009
Vum:
Tom

Bonjour Herr Reding,

Ech hunn eng Fro zum City-Tunnel. Och wann ech d´Idee vun engem Metro oder engem Zuch ennert dem Buedem net schlecht fannen, sou stellen ech mer dann awer d´Fro, wéi eng Partei, deren Motto ass "mir wellen haalen, waat mer hunn" fir en Projet kann sinn, deen een groussen Deel vun eisem historeschen Patrimoine géif zerstéiren?
Maacht dir ierch keng Suergen, daat d´Kasematten an soss Iwerrechter vun der groußarteger Festung zerstéiert géifen ginn?

Wier d´ADR bereed, d´Unerkennung vun der UNESCO ze verléiren fir den City-Tunnel ze bauen?
Äntwert vum Roy Reding
1Recommandatioun
18.05.2009
Roy Reding
Mat Sécherheet sinn ech keen Expert vun de Kasematten an kënnen net hiren
geneeën Verlaf.
Am Garer Quartier wäert den City-Tunnel kaum eppes futti maachen, du huet villméi den Ausbau vun der aktueller Bunn (do soll nach en zweeten Tunnel gebaut ginn) an déi néi Héichhaiser den Kasematten de Recht ginn. De City-Tunnel ´ am Georges Schummer sengem Projet ´ fiert relativ déif, ënnert oder um Niveau vun der Péitrus, vobäi den eventuellen Schued sich misst a Grenzen halen, dat op all Säit vum Péitrusdall. Duerno béit den Tunnel op de Glacis an den Lampertsbierg of wou kaum Kasematten ze fannen sinn. Beim Opstieg op de Kierchbierg kënnen de City-Tunnel op der Héicht vun der BEI eraus, an nett beim Fort Thüngen. Du misst also och wéieng oder kéng Kasematten gekréizt ginn. Sollen et Iwwerschneidungen tëschent dem City-Tunnel an de Kasematten ginn, da setzt d´ADR sech an fir d´Opwäertung vum Patrimoine, mat Léisungen wéi se z.B. beim Bau vum Monterey`s Parking agesaat gi sinn.
Ganz allgemeng wäert den City-Tunnel d´Stadtbild kaum veränneren, dëst am Géigesatz zum Tram.
Roy REDING
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
22.05.2009
Vum:

Herr Reding,
Ech wollt iech froen wat dier dovun haalt Guantanamo Prisonéier hei opzehuelen?den Herr Asselborn huet sech jo dozou bereet aklaert.

Merci fier aer Entwert a schein Greiss
Äntwert vum Roy Reding
bis elo kengRecommandatiounen
25.05.2009
Roy Reding
D´ADR ass där Meenung, datt dat kléngt Lëtzebuerg, duerch déi besonnesch
Sëcherheetsufuerderungen an dësem Contexte, am Prinzip keng sou Leit sollt
ophuelen. Mir gesinn, datt och aaner europäesch Staater sech pioritär op déi
Leit aus Guantanamo konzentréieren, déi hir eege Nationalitéit hunn. Doriwer
eraus denken ech:
  • dat ass éichtens a virun allem eng Verantwortung vun den USA sëlwer;
  • mir bedaueren, datt den Här Asselborn an dësem Dossier, wéi och an
aaneren, sou séier un d´Presse gangen ass, ier mir iwwerhaapt mat
amerikaneschen Demanden saiséiert goufen;
  • mir sollten als Europäer déi Demanden déi mir vun amerikanescher Säit
kréien als Eenzelfäll préiwen;
  • mir sollten als Europäer prioritär déi Fäll consideréieren, bei denen
erwisen as, datt d´Leit onschëlleg sinn, an dat am Aklang mat
internationalen Normen a nationale Gesetzer;
  • mir sinn eis bewosst, datt Lëtzebuerg net outilléiert ass, fir Leit
opzehuelen, déi e potentielle Sëcherheetsrisiko kënnen duerstellen;
  • mir hätte gär eng enk europäesch Zësummenaarbecht an dëser Fro, wëll et am
Schenge-Raum duerch d´Wechfale vun de Grenzkontrolle liicht méiglech ass,
datt esou eng Persoun kann vun engem Land an en aanert goen, och wann ën
dofir keng formell Erlaabnis (Visum) huet
Roy REDING
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Soziales
25.05.2009
Vum:

Statut unique! Hien soll Gläichheet bei der schaffender Bevölkerung bewierken. Sollten dann d´Staatsbeamten net och an de Genoss vun deer Gläichheet kommen? - oder zumindest déi di fréier als ouvrier oder employé beim Staat gefouert gin sin?

Fir mech hun mir aus engem 3 Klassen System een 2 Klassen System gemaach, firwaat net een 1 Klassen System oder as daat ze sozialistesch? Wéi ass är Meenung dozou?
Äntwert vum Roy Reding
bis elo kengRecommandatiounen
28.05.2009
Roy Reding
Merci Haer NOHL fier dei interessant Frô !

D’ADR huet an der Chamber, wann och ouni grouss Begeeschterung, de « Statut unique » matgedroen, wëll en dach e puer Ongerechtegkeeten aus der Welt schaaft, zum Beispill den Oennerscheed watt de Montant vun der "Indemnité de départ" ugeet toescht "Aarbechter" an " Employéen" dee jo einfach himmelschreiend ongerecht waar.

Et ass richteg datt de « Statut unique » keen ass, wëll e jo nëmmen de Privatsecteur begräift. Waat d’ADR bedauert, an an der Chamber och esou gesoot huet. Ob sech aawer eng Majoriteit fier en wiirklechen "statut unique" kann fannen woen ech am Moment ze bezweifelen.

Richteg ass aawer och datt, z.B. am Pensiounssystem, an de lëschten Joeren Brécken gebaut gi sinn, firunallem och ob Drock vun der ADR.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Justiz
25.05.2009
Vum:

Firwat sinn net emol d´ Recht op Liewen durch d´Grondrechtsencharta vun der EU-Constitutioun gesechert
an ennert bestemmten Emstaenn d´Doudesstroof erem ermeiglecht gett?
Fier d´eischt well ech emol soen, dass et un Kierperverletzung grenzt den LissabonVertrag iwwerhaapt ze liesen!
Elo zreck zu menger Fro:
Am Art.II-62 VV steet klip a kloer dass d´Grondrechter iwwerholl gin.
Mee dann an der Foussnote vun der Foussnote, do steet d´Wouerecht!
"Eine Tötung wird nicht als Verletzung dieses Artikels angesehen, wenn sie durch eine Gewaltanwendung
verursacht worden ist, die unbedingt erforderlich ist, um jemanden gegen rechtswidrige Gewalt zu verteidigen….
einen Aufruhr oder Aufstand rechtmäßig niederzuschlagen….ein Staat kann in seinem Recht die Todesstrafe für
Taten vorsehen, die in Kriegszeiten oder bei unmittelbarer Kriegsgefahr begangen werden. Diese Strafe darf
nur in den Fällen, die im Recht vorgesehen sind und in Übereinstimmung mit diesen Bestimmungen angewendet werden."
Also ist die Todesstrafe in Kriegszeiten oder bei unmittelbarer Kriegsgefahr möglich.

Wann Dir elo soot : D´Doudesstroof steet hei zu Letzebuerg an kengem Gesetz mei. Richteg.
AWER wann d´EU Duerchfeierungsbestemmungen fir "Missiounen" d.h Krisch, fir Krisenreaktiounsasätz mecht,
wann d´EU z.B d´Regelung fir e solche Krischsfall trefft, welch d´Doudesstroof ermeiglechen,
dann kann een net mei soen, dass dest geint d´Grondrechter an der EU versteisst. Well genau dat wier un
deser Explicatioun ze moossen.

En Grondrechtschutz vum Liewen am Krischsfall oder bei onmettelbarer Krischsgefor gett et also net mei.
Well et europäesch Rechtsakten wärte sin, kann een se ne tun eisem Grondgesetz moossen.
Art.102GG.

Fannt Dir daat do wierklech gut? An sidd dir trotz desen FAKTEN nach emmer fir en JO zu desem Lissabonvertrag?
Äntwert vum Roy Reding
bis elo kengRecommandatiounen
27.05.2009
Roy Reding
Villmools Merci fier aer Fro.

Aer Kritik ass prinzipiell richteg. D´ADR ass iwwregens net fir de Lissabon-Vertrag well mir si mat ganz villen vu séngen Dispositiounen absolut net d´accord! Mir wollten mat eisem vote an der Chamber weisen, dat mir e Referendum iwwert déi Vertrag wollten, fir dVollék selwer decidéieren ze loossen.

Déi Saach mat der Doudestrof ass eng komplizéiert: an der Unioun besteet Konsens géint Doudesstrrof a Friddenszäiten, wat jo scho ganz positiv ass, mee wat d´Krichszäiten ugeet, ginn d´Meenunge nach wäit auserneen. Och wat den Doud bei Demonstratiounen asw. ugeet, muss ee feststellen, dat dee Passage och der Europäescher Charta fir Mënscherechter an hiren Interpretatiounen entsprecht.

D´ADR ass jiddefalls géint Doudesstroof. Sie ass och dofir, datt d´Justiz eng national Zoustännegkeet bleiwt. Eis aktuell Regierung ass awer do leider anerer Meenung: an Europa ass si fir Majoritéitsdecisiounen an der Justiz. Och ass Lëtzebuerg der Cour Pénale Internationale (CPI) bäigetrueden, sou dat de Fall kéint antrieden, dat lëtzebuerger Militär géng vun engem Internationale Geriicht veruerteelt ginn. De Statut vun der CPI gesäit awer Gott sei Dank d´Doudesstrrof net vir.

Roy REDING
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Städtebau & Stadsentwécklung
26.05.2009
Vum:

Herr Reding,
De Shopping-Center Wickrange soll elo an de Projet vum Football-Stadion zu Léiweng integréiert ginn. Wéi fannt Dir dat?
Äntwert vum Roy Reding
bis elo kengRecommandatiounen
27.05.2009
Roy Reding
Ech sin zoudeifst schockeiert iwert daat watt eis Regierung, an besonnesch den Innenminister Jean-Marie HALSDORF (CSV) an doeser Saach opgefouert huet.

Oett muss een sech emol viirstellen : Do woell e Promoteur 150 milliounen Euro investeiren an 1200 bis 1500 Aarbechtsplaatzen zu Wickreng schaafen. D´Gemeng genehmegt den Projet, deen direkt un der Autobunn leit. Zeguer den Minister BODEN autoriseiert den projet. Dann mecht den Innenminister Recoursen dei kengerlee Grondlaag hun just fier den Projet ze saboteiren.

An dann zaubert ob eemool den Minister KRECKE en Projet aus dem Hut duerch deen een landbekannten Promoteur endlech kann Terraien viabiliseiren dei noett am Perimeter leien.

Ech woell noett woessen attfireen Drock op dei Wickringer Promoteuren ausgeübt gouf fier dei dooten Comédie matzespillen.

En Hohn, en Skandal an schued datt mer hei am Land noett mei eng investigatif an muddech Presse hun. Affaire à suivre....
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Roy Reding
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.