Rechtlech verbindlech ass "d´Convention européenne des Droits de l´Homme", déi am Kader vum Conseil de l´Europe entstaanen ass, an der Juridiktioun vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroosbuerg ënnerläit. Lëtzebuerg huet déi Konventioun ratifizéiert an gëtt iwwregens relativ dacks virun dem Geriicht ugefouert.
Déi EU- "Charte des Droits fondamentaux" ass un den Traité de Lisbonne annexéiert a gëtt rechtlech verbindlech wann den Traité schlussendlech sollt ratifizéiert ginn. Allerdéngs stellen sech do ganz vill Froen:
- d´Relatioun tëschent där Charta an där virgenannter Conventioun vum Europarot;
- d´Relatioun tëschent där Charta an den aneren EU-Verträg;
- de Grad vu Verbindlechkeet fir d´Memberstaaten: am Prinzip ass just
"d´Unioun" obligéiert déi Rechter anzehalen an ze respektéieren, net awer
d´Memberstaaten. Allerdengs stinn an där Charta ganz vill Dispositiounen déi schonn an ähnlecher Form an aneren internationalen Traitéën stinn oder awer op der Jurisprudenz vum Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg berouen. Eenzel Länner, wéi z.B. dat Vereenegt Kinnekräich oder och Portugal, hate fir sech Ausnahmedispositiounen ausgehandelt.
Et freet sech dohir, ob et net besser gewiecht wier, wann d´Unioun einfach
der Europäescher Menscherechtskonventioun bäigetratt wier.
Fir d´Männer brengt déi Charta u sech keng Avantagen, well se op dàr Denkschinn läit, déi hinnen an dëser Zäit sou vill Misère mecht.
Sou erlabt den Artikel 23 zum Beispill eng positiv Diskriminatioun a schwetzt och vu "sexe sous-représenté". Dat Ganzt berout also op enger Logik vun enger "égalité de fait" - also vun enger "obligation de résultat" - a net vun enger "égalité des chances" als "obligation de moyen".
An der Praxis huet d´Europäesch Kommissioun an dene lëschte Joeren keng wichteg Mesure proposéiert, déi spezifesch de Männer oder Pappen hätte kënnen bei hire Problèmer hëllefen. Mir constatéieren leider eng ganz eesäiteg Politik vun den Europäeschen Instanzen, wéi se och ënnert der CSV hei zu Lëtzeberg bedriwwe gëtt.
Positioun vun der ADR:
D´ADR erwaard sech keng Verbesserung vun der Rechtslag duerch d´Europäesch
Charta iwwer déi fundamental Rechter.
Sie schwetzt sech dofir aus, dat d´Unioun sech aus familjepoliteschen a gesellschaftspoliteschen Froen eraushale muss an dat och d´Justiz prioritär eng national Zoustännegkeet bleiwt. D´ADR ass decidéiert dogéint dat d´Justiz eropäesche Majoritéitsdecisiounen ënnerworf gëtt, oder dat lëtzebuerger Bierger sollen automatesch auslänneschen Uerteeler ënnerworf ginn, an dat ouni Kontrollméiglechkeeten duerch déi national Justiz - sou wéi de Minister Luc Frieden dat proposéiert huet.
D´ADR ënnersträicht, dat si fir eng wierklech Gläichberechtegung steet - ouni Ideologie. Der ADR hire Walporgramm weist, datt si sech Méi gëtt fir d´Suergen vun de Pappen a vun de Männer genee sou eecht ze huelen, wéi déi vun de Fraen a Mammen.