Vum:


Här Urbany
Ech treppele mat menge Kanner an eise Muppen och emol Sonndes gären duerch de Bësch.
1) Ass et zu Lëtzebuerg eng akzeptabel Situatioun, dass een Angscht virun aggressive Polizeihënn am Bësch muss hunn, während begoe vun dësem Bësch en verankert Grondrecht ass?
2)Kennt Dir eraus fannen wien deen Polizist war, deen do laut Ausso vun SimbaTv fort gelaaf ass (
simbapro.com ) , an mir soen firwat esou Leit als Polizist also Biergerbeschützer schaffen daerfen obwuel Si net dee geringsten Sënn vun Anstand a Moral (vu Menscherechter guer net ze schwaetzen) no baussen vertrieden? Schliesslech ass de Polizist fortgelaaf well hien explizit wosst dass säin Hond Leit respektiv Muppen attackéiert huet!
3) Sinn mir alleguerten glaich virum Gesetz oder ginn et Leit déi méi glaich sinn?
Dat do ass villaicht an enger Gestapo viru 70Joer en adequat Verhaale gewierscht. 4) Hei an haut am 21.Jorhonnert zu Lëtzebuerg well ech vun Iech wëssen, wei kenne sou kriminell Leit direkt vun hirem Mandat entbonne ginn a wei kennt Dir als Politiker eis dem Vollek garantéieren dass Familjen mat Kanner net vun Polizisten mat hiren Hënn dout gebass ginn? Schiesslech ass hei just dem Zoufall ze verdanken dass keng Kanner derbai waren.
5)Wat wier geschitt wann deen Kampfhond vum Polizist net nëmmen d´Muppen mä och déi Leit wou duerch de Bësch Sonndes spazeieren ginn genau sou schwéier blesseiert hät wei deen Kampfhond d´zivil Muppen blesseiert huet?
Wat sinn d´Konsequenzen fir deen Här Polizist a gëtt hien vu sengem Mandat entbonnen wann mir bis wëssen wien et war, bis déi Affaire virum Geriicht geklärt ass?
Ech hoffen ob eng schnell awer virun allem adequat Äntwert.
Léif Gréiss