Simone Asselborn-Bintz (LSAP)

Simone Asselborn-Bintz
Simone Asselborn-Bintz aktuell
Donnéeën zur Persoun
Joergang
1966
Berufflech Qualifikatioun
éducatrice diplômée
Ausgeübte Professioun
Crèche Spillhaus Parc Laval - Ville d'Esch/Alzette
Uertschaft
-
Walkrees
Europa
Landeslëschteplaatz
-
Ëffentlech Aussoen
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Integratioun
14.05.2009
Vum:

Simone Asselborn-Bintz ,
wat ass Är Meenung zu folgender Annonce an enger lëtzebuergescher "Zeitung":
Letzb. Botzfra mat Erfahrung sicht Aarbecht zu Ettelbréck oder Dikkrech.
Äntwert vum Simone Asselborn-Bintz
bis elo kengRecommandatiounen
22.05.2009
Simone Asselborn-Bintz
Här ,

Déi Annonce seet mer dass eng Fra déi wahrscheinlech nëmme lëtzebuergesch ka schwätzen an sech eventuell net sou gutt a Franséich, Däitsch oder och Englesch kann ausdrécken, ausserdem Erfahrung huet, eng Aarbecht sicht, an dat am Raum Ettelbréck oder Dikkrech.
Ech fannen et luewenswäert dass sech Léit ouni Aarbecht beméihen eng Aarbecht ze fannen an dat no hiere Méiglechkeeten. Do muss ee menger Meenung no net méi dra siche goen.

Merci fir är Fro.

Mat léiwe Gréiss

Simone Asselborn-Bintz
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Aarbecht
18.05.2009
Vum:

Metteg,

Ma ech wollt är Meenung zu der Directive Bolkenstein wessen.

Gifft dier, fier oder geint d´Herkunftslandprinzip stemmen, a firwaat?
Äntwert vum Simone Asselborn-Bintz
bis elo kengRecommandatiounen
22.05.2009
Simone Asselborn-Bintz
Hei meng äntwert:

Léiwen Här ,

Merci fir äer interessant Fro!
Déi sougenannten Bolkesteindirektive, d’Direktive iwwer d’Servicer, a senger ursprénglecher Form existéiert jo eigentlech net méi. D’Parlament huet d’Direktive Bolkestein bal komplett ëmgeännert: Sou sinn ënner anerem d’Gesondheetswiesen, den Travail intermédiaire an virun allem déi sougenannten Service d’ Intérêt general aus der Direktive vum Commissaire Bolkestein erausgeholl ginn! Dat ass ze begréissen. Dass schlussendlech en Accord fonnt ginn ass, ass och wichteg, schliisslech sinn ¾ vun den Aarbechtsplazen an Europa (an nach méi aus Lëtzebuerg) aus dem Sektor vun de Servicer.
Dem Prinzip vum Herkunftsland kann ech net zoustëmmen. Genee sou wéineg rezenten europäeschen Geriichtsuerteeler, déi deen Prinzip ervirhiewen. D’Gefor vun sozialem Dumping ass reell an dat kann d’EU net esou hinhuelen. Amplaz vum Herkunftslandprinzip soll Europa d’fräi Circulatioun vun de Servicer progressiv harmoniséieren!

Mat léiwe Gréiss

Simone Asselborn-Bintz
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Simone Asselborn-Bintz
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.