Nodeems d' SWIFT-Ofkommes am Februar vun dësem Joer nach vum Europäeschen Parlament rejetéiert gouf, hunn d'Parlamentarier elo en iwwerschafften Entworf mat grousser Majoritéit beschloss. D'Ofkommen trëtt den 1.August 2010 a Kraaft a bilt de juristesche Kader fir den Transfer vun europäesche Bankendaten an d'USA.