SWIFT II-Ofkommes
Nodeems d' SWIFT-Ofkommes am Februar vun dësem Joer nach vum Europäeschen Parlament rejetéiert gouf, hunn d'Parlamentarier elo en iwwerschafften Entworf mat grousser Majoritéit beschloss. D'Ofkommen trëtt den 1.August 2010 a Kraaft a bilt de juristesche Kader fir den Transfer vun europäesche Bankendaten an d'USA.
Hannergrondinformatiounen
D'SWIFT- Ofkommes zwëschen den EU an der USA regelt d' Iwwermëttelung vun europäeschen Bankendaten un d'US-amerikanesche Administratiounen. Ziel ass d' Opdecken vu Geldtrankaktiounen, déi zu der Finanzéierung vum "internationalen Terror" getätegt ginn.

An éischter Linn bezeechent SWIFT eng an der Belsch situéiert, weltwäit agéierend Genossenschaft vu Geldinstituter mat dem Numm Society for Worldwide Interbank Financial Telecommunication.
Haaptgeschäftsfeld vun dësem Prestataire de Service Financier ass den internationalen Dateverkéier zwësche Banken an anere Finanzinstituter iwwert en eegent Kommunikatiounsnetzwierk. Iwwer SWIFT lafe bal all grenziwwerschreidend Transaktioune vun den europäesche Banken of.

No den Attacken vum 11.September 2001 hunn US-amerikanesch Administratiounen suite vun hirem "Krich géint den Terror" Accès zu dësem Donnéeën kritt. Dësen Zougrëff war am Accord mat den Entreprisen, awer ouni juristesch Grondlag zwëschen Europa an den USA. Méiglech gouf dat, vue que dass déi Daten direkt vu Serveren vun der Entreprise an den USA opgeruff konnte ginn. Säit Joeresufank 2010 awer lafen di entspriechend Daten just nach iwwer Serveren an Holland an an der Schwäiz. Fir dësen Transfer op eng legal Grondlag ze setzen, huet d'USA mat der EU dat sougenannte SWIFT-Ofkommen ausgehandelt.
Dës setzt elo d' Rahmebedingungen fir den Tranfer vu Bankendaten un d'Terrorist Finance Tracking Programme (TFTP), wat am US-amerikanesche Finanzministère ugesidelt ass. Donnéeën iwwer Numm, Adress, Kontosnummer souwéi Montant an Empfänger ginn hei weidergeleet a 5Joer an den USA gespäichert. All Iwwerweisungen vun europäeschen Bankeclienten ausserhalb vun der Europäescher Unioun ginn erfaasst. Innereuropäesch Transaktiounen sinn also net betraff. Opgeruff ginn ëmmer grouss Quantitéiten un Daten a net Daten vun eenzele Persounen well déi Recherchen nëmmen unhand vu bestëmmte Länner a bestëmmten Zäitraim agegrenzt sinn. Duerch dës Praxis kennen also massenhaft Daten vun onbehellegte Persounen an d'Hänn vun der US-Administratioun gelaangen.

Ginn Donnéeën suite vun dem SWIFT-Ofkommes un d'US-Administratiounen weidergeleet, ginn di concernéiert Persounen net doriwwer informéiert. Och e Widersprochsrecht ka net vun Iech an Usproch geholl ginn, vue que dass an dësem Fall dat US-amerikaneschem Dateschutzgesetz applizéiert gëtt, wat uniquement fir US-Bierger a legal an den USA liewende Persounen gëllt.

Eng éischt Fassung vum Ofkommes gouf am Februar vun dësem Joer no kontroversen Debatten virun allem wéinst Dateschutzbedenken vum Europaparlament rejetéiert, wat domat seng duerch de Lissabon-Vertrag gestäerkte Positioun an dem europäeschen Institutionssystem däitlech gemaach huet.

Déi no dem Refus vun dem éischten Entworf ugestriefte Kontrollfunktioun vu Säiten der EU soll elo Europol(Office européen de police), di europäesch Police iwwerhuelen. Dann soll nach sur Place an den USA een Vertrieder vun der EU d' Auswäertunge vun den Daten iwwerwaachen. Eng Participatioun vun enger europäescher Justizadministratioun gëtt weiderhin refuséiert. Europol muss engem Zougrëff vun den US-Behörden zoustëmmen a kann am Géigesaz selwer op di Daten vun den Amerikaner zeréckgräifen. Der Agentur gëtt also eng Duebelfunktioun zougeschriwwen – als Kontrollinstanz a gläichzäiteg als Empfänger vun de weidergeleetenen Daten.

Als Zougeständnis wéinst de Bedenken vum Europarlament ass d' Introductioun vun enger europainterner Solutioun geplangt, an där d'Daten direkt vun der EU evaluéiert ginn. Dës géif Iwwermëttelungen vu groussen Datenquantitéiten un US-amerikanesch Administratiounen iwwerflësseg maachen.

Vertrieder aus den USA an der EU hunn de Vertrag den 28.Juni 2010 schon ënnerschriwwen. Mat dem Accord vun dem Europaparlament kann dat Ofkommes elo also zum éischten August 2010 a Kraaft trieden.
Commentaire vun Visiteuren zur Ofstëmmung
Commentaire #38
bifqobgdwjrh, [url=http://axhzyvlkmlpu.com/]axhzyvlkmlpu[/url], [link=http://velrdggzrhvq.com/]velrdggzrhvq[/link], http://vrgyyknsxdbk.com/">V7yrb5 bifqobgdwjrh, [url=http://axhzyvlkmlpu.com/]axhzyvlkmlpu[/url], [link=http://velrdggzrhvq.com/]velrdggzrhvq[/link], http://vrgyyknsxdbk.com/
vum: Ã?Â?re Numm
um: 12.10.2016 16:26
Commentaire #37
V7yrb5 bifqobgdwjrh, [url=http://axhzyvlkmlpu.com/]axhzyvlkmlpu[/url], [link=http://velrdggzrhvq.com/]velrdggzrhvq[/link], http://vrgyyknsxdbk.com/
vum: Ã?re Numm
um: 12.10.2016 16:26
Commentaire #36
ugchtaprfqga, [url=http://evldlzkdmpan.com/]evldlzkdmpan[/url], [link=http://jytnirkhabrk.com/]jytnirkhabrk[/link], http://obqklelueafi.com/">isU0lW ugchtaprfqga, [url=http://evldlzkdmpan.com/]evldlzkdmpan[/url], [link=http://jytnirkhabrk.com/]jytnirkhabrk[/link], http://obqklelueafi.com/
vum: Ã?Â?re Numm
um: 16.05.2016 13:22
Commentaire #35
isU0lW ugchtaprfqga, [url=http://evldlzkdmpan.com/]evldlzkdmpan[/url], [link=http://jytnirkhabrk.com/]jytnirkhabrk[/link], http://obqklelueafi.com/
vum: Ã?re Numm
um: 16.05.2016 13:22
Commentaire #34
ampicillin, [url="http://ampicillin500mg.info/#9361"]ampicillin[/url], http://ampicillin500mg.info/#9361 ampicillin,
vum: Ã?re Numm
um: 04.07.2015 00:17
Äre Commentaire zur Ofstëmmung
Spamschutz - wie viel ist 11 + 4:
• Ofstëmmungsresultat