Vum:


Moien
Ech wollt hei mol eng Fro lass gin zum edukativem Secteur. An der neier
ecole fondamentale huet dest Personal jo och eng Roll ze
gewährleeschten. Leider geseit et sou aus, wei wann kuerz virun Schluss
do un der Tache vun desem Personal dann nach an allen Richtungen
gewerkelt geng gin, fir dass dest Personal op sou vill wei meiglech
Plaatzen nach kann interveneiren, sou e bessi Fraa fir alles kann sin.
Wei stellt dir iech eng Zesummenaarbecht vun desem Personal mat den
Schoulmeeschteren fir, wann des Leit och nach mussen Bustransport maan,
Accueil an den Maison Relais...
Mir gesin einfach do e bessi vill Problemer fir eng gudd
Zesummenaarbecht ze gewährleeschten, an Praxis huet och an den leschten
Joeren bewisen, dass des Zesummenaarbecht op deenen Gemengen wou Leit
Fraa fir alles waaren net sou fonktionneiert huet wei op deenen aaneren
Gemengen, wou den Beruff schons einfach mei respekteiert gin ass, an
och dei neideg Prepazeit zur Verfüfung gestallt gin ass. Daat ganzt
geseit jo aus wei wann et geif scheiteren duerch dei Inkompatibiliteit
zweschent dem A Kader an dem E KAder:
Meng Fro: Wei stellt dir iech vir keint desen Problem geleist gin, fir
dass eng gudd Zesummenaarbecht an den Schoulen zweschent den gesamten
Intervenants meiglech wier am Interessi vun all eisen Kanner ?
Ech soen merci fir Äntwert