Verbessert Duerchsetzen vum Copyright
D' Europäescht Parlament huet majoritär engem ëmstriddene Bericht zu der „amelioréierter Duerchsetzung vun de Rechter vum geeschtegen Eegentum zougestëmmt. De sougenanntenen Gallo-Bericht huet keng juristesch Verbindlechkeet, kéint der Kommissioun awer als Orientéierung déngen.
Hannergrondinformatiounen
De Bericht vun der konservativer Deputéierter Marielle Gallo zielt ënnert anerem op illegal Filesharing Aktivitéiten. Laut der Madame Gallo hätten d' Verstéiss géint den Urheberrecht "beonrouegend Ausmoossen ugeholl" si wieren dofir "eng richteg Bedroung net nëmme fir eis Gesondheet a Sécherheet vun de Consommateuren, mä och fir eis Wirtschaft an eis Gesellschaften".
D'Gallo gesäit e grousse Nohuelbedarf bei de "strofrechtleche Mesuren" géint d'Verletzunge vum Copyright. Am Heemechtsland vun der franséischer Deputéierter war zum Joresufank "d'Gesetz zur Verbreedung an zum Schutz vu kreativem Contenu am Internet" a Kraaft getrueden.
Dëst Gesetz bestrooft am Frankräich repetéiert Copyrightsverletzungen mat 12Méint laanger Spär vum Internetzougank an eventuell mat Geldstrofen vun bis zu 300.000Euro an enger dräijäreger Prisongstroof ("Three Strikes Out"). Kritiker fäerten, dass duerch de Gallo-Bericht en ähnlechen Wee op europäeschem Niveau kéint duerchgesat ginn.
Niewent Sanktiounen ginn am Gallo-Bericht och Opklärungscampagnen souwéi "Introduktiounen vu neie Bezuelsystemer" duerch d'Industrie recommandéiert, fir esou "dem europäeschem Consommateur den Erwerb vu legal proposéiertem Contenu z'erliichteren an soumat fir eng Augmentatioun vu legalen Downloads an der EU suergen".
Insgesamt hunn 329Parlamentarier fir de Bericht gestëmmt, 245 hunn dergéint gestemmt an 81 hu sech hirer Stëmm enthalen. Di Gréng an d'DP hunn dergéint gestëmmt, d'CSV huet derfir gestëmmt an d'LSAP huet sech enthalen. (kuckt di riets Kolonne)
Eng Alternativpropose vun de Sozialisten, Gréngen a Lénken fënnt keng Majoritéit am EU-Parlament. Dës hätt ënner anerem virausgesat, exklusiv " gewënnorientéiert" an "Urheberrechtsverletzungen am kommerzielle Beräich" ze poursuivéieren.
Commentaire vun Visiteuren zur Ofstëmmung