
Bonjour Här Peschon,
Merci fir äer Fro, op déi ech hoffentlech kloer genuch äntweren.
D´Iddi vun engem Conseil supérieur de la justice as net nei a géing eis secherlech der Rechtstaatlechkeet méi no kommen, well onofhängeg Experten d´Justiz - en ze oft vernooléissegt Gebitt - géingen évaluéieren.
Ech stelle mer et allerdéngs e bëssen schwiereg vir, dee Conseil op en europäeschen Impuls (also e Reglement oder eng Direktive) hin ze schaafen. Europäesch an international Deklaratiounen (virun allem d´europäesch Mënscherechtskonventioun vum Conseil de l´Europe an d´Grondrechtscharte vun der europäescher Unioun) haalen awer op Rechtsstaatlechkeet, d´Recht op e fairen Prozess an human Inhaftéierungsconditiounen, sou dass et u sech schonn duergoen géing, déi Dispositiounen mat all hieren néidegen Konsequenzen ze applizéieren. Wann Europa eescht geholl gëtt, garantéiert et eng ganz Partie Rechter.
Schlussendlech as et awer un den nationalen Mandatairen - also den Deputéierten an dem zukünftegen Justizminister - sech dofir ze engagéieren, dass Gremien wéi en Conseil supérieur de la justice (deem séng Kompetenzen een misst klären) geschaf gin an fonctionnéieren kënnen. Et wier op alle Fall am Sënn vun enger efficacer an transparenter Justiz.
Mat bäschte Gréiss,
Véronique Bruck