Gudden Moien Madame

,
flott och mol iwert desen Wée eppes vun Iech ze héieren.
Am neien Gesetzt iwert den enseignement fondamental ass am RGD, déen d´tâche vum Sozialpädagog definéiert, net grendlech iwert d´Complémentaritéit vun den Missiounen vum Sozialpädagog am Schoulsystem reflektéiert gin!
Ech erklären mech:
Den Sozialpädagog an d´Sozialpädagogin hun eng komplémentär Missioun an der Schoul, hien /si soll virun allem den volet vun den Sozialkompetenzen bei den Kanner förderen.
Endlech ass am neien Schoulgesetzt och agesin gin, dat d´Schoul net nemmen do ass fir ze léieren (savoir), mée och fir bei den Kanner den "savoir-faire" an den "savoir-être" ze entweckelen.
Dest Kompetenzen sin op mannst esou wichteg fir herno am Liewen éens ze gin!
An precisément sin dat d´Missiounen, déi den Sozialpädagog an Sozialpädagogin soll an der Schoul iwerhuelen, an Collaboratioun an Coopératioun mat dem Léierpersonal, mat dem sozio-édukativem Personal vun den maisons relais, mat den Elteren an mat allen Partner, déi ronderem d´Kand sin.
Dat dofir den Sozialpädagog oder d´Sozialpädagogin och mol "ausswärts" (ausserhalb der Schoul an ausserhalb der Schoulzeit) aktiv ass, schengt mir logesch.
Fir mech ass et wichteg, dat d´Missiounen kloer definéiert sin, dat d´Zieler och erréechbar sin.
Dofir muss éen och déi noutwenndeg Zeit firgesin, fir Préparatioun, Concertatioun, Erzéihungspläng, Weiderbildung, asw ...
Dat léist sech an der tâche festhaalen.
Waat net ka sin, ass dat e Sozialpädagog oder eng Sozialpädagogin esouwuel an der Schoul, wéi och an den maisons relais, wéi och an der Lasep, wéi och asw... fir alles zoustänneg ass, do vermeschen sech e puer Missiounen woubei keng méi professionnell kann erléedegt gin.
Ech regrettéieren och zudéifst, dat bei der élaboratioun vun den RGD d´Enseigngants-Gewerkschaften eleng fir en avis gefroot gin sin, an déi gréissten éducateur an éducaterus gradués - Associatioun net vum zoustännegen Ministär considéréiert gin ass.
Ech hoffen, dat an déem ganzen strukturellen Duerchenéen, déen elo an der neier Schoulorganisatioun herrscht, den Sozialpädagog an d´Sozialpäadagogin sech werten kennen behaapten, och emol Member an den "comité d´école" kann gin an endlech als gleichwertegen Partner (mat gleichwertegen Studien!) betruecht gett.
Mat beschte Gréiss,
Viviane Loschetter