Viviane Loschetter (Déi Gréng)

Viviane Loschetter
Gebuertsdaag
-
Berufflech Qualifikatioun
* Echevine , Ville de Luxembourg depuis le 01/12/2005 * Conseillère communale, Ville de Luxembourg du 01/01/2000 au 09/11/2005 * Pédagogue sociale
Ausgeübte Professioun
* Membre du groupe politique
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
(...) Waat Dir beschreiwt huet iwerhaapt naischt mat nohalteger Emweltpolitik an Naturschutz ze din, esou wéi mir et verstinn an fir dat mir ons asetzen. Dat huet eischter eppes mat Ausbeutung vun Mensch an Natur ze din fir den rengen finanziellen an kurzfristegen Profit. (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Viviane Loschetter
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
27.09.2011
Vum:
Jean Gabin

Bonjour Madame Loschetter

An Uganda hunn Söldner ganz Dierfer niddergebrannt, Fraen a Kanner embruecht well do an hiren Dierfer sollen Beem geplanzt ginn fir Co2 Gelder z´encaisséieren. Dës Leit sinn laut Presseberichten vun der HSBC an Goldmann-Sachsbank bezuelt gewierscht. Waat huet dëst fuerchbart Verbriechen mat Emweltschutz ze dinn, oder aanescht gefroot waat ass en Mënsch aus Uganda ärer Meenung no waert vis à vis vun engem Baam? Ech komme mir fir wei am falsche Film mä fir dës Leit war hiren qualvollen Dout batter Realitéit.

www.prisonplanet.com
www.guardian.co.uk

Merci fir eng schnell an kompetent Äntwert
Äntwert vum Viviane Loschetter
bis elo kengRecommandatiounen
27.09.2011
Viviane Loschetter
Bonjour Här Jean Gabin (!)
Effektiv, kann ech iech nemmen recht gin.
Waat Dir beschreiwt huet iwerhaapt naischt mat nohalteger Emweltpolitik an Naturschutz ze din, esou wéi mir et verstinn an fir dat mir ons asetzen.
Dat huet eischter eppes mat Ausbeutung vun Mensch an Natur ze din fir den rengen finanziellen an kurzfristegen Profit.
Nohalteg Emweltschutz sicht den Equiliber tescht Emwelt, Soziales an Wirtschaftleches,
Mat beschte Gréiss,
Viviane Loschetter
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
25.04.2013
Vum:
Sylvie Feyder

Chère Madame Loschetter

Hei ass en Aktiounsplang vun der EU-Commissioun, ec.europa.eu

Eng Neiausriichtung vum Europaësche Saatgutverkehrsrecht ass absolut dringend erfuerderlech. Well die aktuell Regelungen hunn zu engem massive Verloscht u landwirtschaftlecher Vielfalt an de leschte Jorzengte gefouert. Spezifesch Ufuerderungen vu landwirtschaftleche Betrieber, die iwert d’Produktivitéit vun Zorten eraus ginn wie z.B. Resistenzen geint verschidde Saachen wie Buedemverhältnisser, Temperaturen, Schädlingen(Mischkultur) goufen trotz Nofro duerch d’KonsumentInnen staark ageschränkt, well eben d’BigPlayer an deem Saatgutbuisseness di namlecht sinn die d’Pestiziden an d’Petro/Chemodüngeren produzéieren, Dow, Monsanto, BASF, BAYER, Pioneer asw.

Elo well d’EU-Kommissioun dëse Firmen nach mei Korporatismus géint de fräie Marché ermeiglechen mat dësem Gesetzesprojet ec.europa.eu

Weini stëmmt Dir als Souverän fir d’Rechter fir eis ze stärken, iwert dës Direktive an der Chamber of, an waert Dir Iech fir oder géint dëst Gesetz entscheeden a kennt Dir äre Vote rational begrënnen? Wat mecht Är Partei am moment fir oder géint dat Gesetz ier et ze spéit ass?

Wann dir Iech fir e Jo décidéiert, déidéiert Dir da net fin de compte géint eng grondlegend neideg Kehrtwende am Saatgutrecht an an der Praxis vun der Ziichtung an den Eegentumsverhältnisser am Saatzucht-Beräich an verhënnert Dir da net aktiv:

  • d’Vielfalt vun de landwirtschaftleche Planzenzorten

  • d’Qualitéit vun der Erntesteigerung

  • d’Landwirtschaft méi emwelt- an mënschefrëndlech ze gestallten?

Wann Dir fannt dass dës Argumenter keng Validitéit hunn, bieden ech Iech dann dës och objektiv, rational ze widerlëen.

Hei nach e Léisungsusaaz: www.saatgutkampagne.org

Salutations

Bisher ist noch keine Antwort eingetroffen.
X
Är Fro un Viviane Loschetter
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.