Yves Wengler (CSV)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Yves Wengler
Joergang
1963
Berufflech Qualifikatioun
Diplom-Ingenieur Elektrotechnik
Ausgeübte Professioun
Prof an der Handwierkerschoul (LTAM)
Uertschaft
-
Walkrees
Osten
Landeslëschteplaatz
-
(...) Parallel dozou misst den Informatiounsfloss an den Floss vun den Dokumenter analyséiert an définéiert gin. Hei missten all onnéideg Prozeduren an Détouren éliminéiert gin. Ereicht nodeems dat déi legislativ Texter ungepasst, den Informatiounsfloss um Pobaier definéiert ass, kennen administrativ Arbechten informatesch emgesaat gin. (...)
 
Froen un Yves Wengler
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Famill
24.05.2009
Vum:

Wéi gesäit den Yves Wengler d´Famill vum Joër 2010?
Fënnt hien et richteg, daat de Staat ëmmer méi (Crèche, Maison relais, Schoul, ...) d´Missioun vun der Kannererzéihung iwwerhëllt?
Ass d´Kannererzéihung doheem mëttelerweil iwwerlieft, almoudesch oder suguer onerwënscht?
Äntwert vum Yves Wengler
1Recommandatioun
24.05.2009
Yves Wengler
Dat do ass en Thema, wou meng perséinlech Perceptioun sech net mat der gesellschaftlecher Realitéit deckt! Ech sin hei éichter e konservativ denkenden Mensch, an sin der Meenung dat keng öffentlech Infrastruktur, an wann se nach mat esou vill professionellen an affektiven Ansatz geleescht get, eis Urzell vun der Gesellschaft, d´Famill, kann ersetzen. Leider ass déi Urzell op ganz villen Platzen net méi intakt, siew et dat d´Elteren gescheed sin, siew et dat déi finanziell Kontrainten denen jonken Koppelen et net méi erlaaben dat een vun hinnen zwee doheem bleiwt fir d´Kanner ze erzéihen oder awer dat d´Mamm an Papp ganz einfach léiwer schaffen gin, wéi "nemmen" Hausmann oder Hausfra ze sin. Dat ass aus menger Siicht schued, allerdengs respektéieren ech do jidverengem sein Choix wann et dann e Choix war.
Well dat dann esou ass, muss d´Politik op des Realitéit reagéieren an versichen déi neideg Infrastrukturen an Hellefen zur Verfügung ze stellen. Dat get gemach, an déi Familljen, déi op des Hellef ungewissen sin, wessen dat secher ze schätzen. Allerdengs sin ech der Meenung dat d´Erzéihungsarbecht vun denen Mamman oder Pappen, déi doheem bleiwen, och soll vum Staat unerkannt gin (z.B. durch d´Finanzéierung vun de Sozialkotisatiounen), well des Arbecht d´Allgemengheet vill méi belleg get, wéi wann de Staat all des Kanner misst selwer "versuergen".
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Schoulen
26.05.2009
Vum:

Wéi gesäit de Kandidat Yves Wengler déi verschidden Schoulreformen (Primär an Sekundär) ?
Äntwert vum Yves Wengler
3Recommandatiounen
27.05.2009
Yves Wengler
Eis Gesellschaft befennt sech an engem regelméissegen Wandel, dofir muss eis Schoul sech och vun Zäit zu Zäit wandelen, an versichen dem Wandel vun der Gesellschaft Rechnung ze droen. Dat erklärt virwat Schouleformen noutwendeg sin an mussen gemach gin. Allerdengs dierf net eng Reform déi nächst Reform "iwerrullen". Bis eng Reform wirkt verginn oft Johren; ereicht dann kann een e Bilan zéihen an kucken wat gut resp. net esou gut un der jeweileger Reform war. An dann wär et, menger Meenung no sennvoll Adaptatiounen ze machen, nom Motto, net dat änneren wat gud ass, mee just dat wat net esou gud ass.
An genau op desem Punkt sin ech mat eiser Schoulpolitik net emmer anverstaan: ganz oft get einfach alles "iwer Bord gehéit", an durch eng nei Reform erem alles anescht gemach. Et get sech keng Zäit geloss fir e korrekten Bilan ze machen vun deem wat do ass, einfach erem eng nei Reform. Dat kann et net sin. Mir brauchen Rou an eisen Schoulen, an mir mussen ganz behutsam analyséieren an dann konsequent do änneren wou et wirklech Senn mecht.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Tourismus
27.05.2009
Vum:

Gudden Owend Här Wengler

Wéi gesidd dir d´Entwecklung vum Tourismus am ländlechen Raum , a speziell hei am Osten.
Hut dir nach Verbesserungen virgesin vum Müllerthal Trail oder brauch een do naischt méi ze veränneren.
Könnt de Müllerthal Trail gudd bei den Touristen un? Get et do Reckmeldungen.
Merci villmols
Äntwert vum Yves Wengler
2Recommandatiounen
29.05.2009
Yves Wengler
Ech sin der Meenung, dat an denen leschten Johren ganz vill Effort´en gemach gin sin fir den Tourismus am Osten méi attraktiv ze machen. De Müllerthal Trail ass e Paradebeispiel vun esou enger konkreter Aktioun. Den Trail kennt exzellent gud bei den Touristen un! Speziell aus Däitschland kommen vill Leit bei eis, just weinst dem Trail. Desen Trend ass och konfirméiert gin, vun de Leit aus denen Uertschaften, wou den Trail der durch geet. An dest net nemmen an der "gudder Saison", mee och am Wanter, respektiv un Deeg wou et reent.
Mir sin also um richtegen Wee, mee et kann een emmer nach eppes verbesseren. Dofir sin mir umgang, den Trail nach besser am Ausland ze vermarkten an versichen Synergien mat den Hotelen aus der Regioun. Mir wellen den Touristen ganz "Packagen" verkaafen: Wanderen-Gastronomie-Kultur. Do ass nach vill Arbecht virun eis, mee mir erkennen schons haut dass dest Konzept an déi richteg Richtung geet.
Ergänzung vum 29.05.2009
Ech sin der Meenung, dat an denen leschten Johren ganz vill Effort´en gemach gin sin fir den Tourismus am Osten méi attraktiv ze machen. De Müllerthal Trail ass e Paradebeispiel vun esou enger konkreter Aktioun. Den Trail kennt exzellent gud bei den Touristen un! Speziell aus Däitschland kommen vill Leit bei eis, just weinst dem Trail. Desen Trend ass och konfirméiert gin, vun de Leit aus denen Uertschaften, wou den Trail der durch geet. An dest net nemmen an der "gudder Saison", mee och am Wanter, respektiv un Deeg wou et reent.
Mir sin also um richtegen Wee, mee et kann een emmer nach eppes verbesseren. Dofir sin mir umgang, den Trail nach besser am Ausland ze vermarkten an versichen Synergien mat den Hotelen aus der Regioun. Mir wellen den Touristen ganz "Packagen" verkaafen: Wanderen-Gastronomie-Kultur. Do ass nach vill Arbecht virun eis, mee mir erkennen schons haut dass dest Konzept an déi richteg Richtung geet.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
28.05.2009
Vum:

Guten Tag Herr Wengler,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Herr Wengler, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)
Äntwert vum Yves Wengler
4Recommandatiounen
29.05.2009
Yves Wengler
Diese Frage behandelt ein sehr schwieriges und komplexes Thema. Ich bin mit ihnen einverstanden dass die Einweisung in eine psychiatrische Anstalt für viele Betroffene keine Lösung ist. Da wir leider nicht genug betreuter Auffangstrukturen für solche Patienten in unserem Land haben bleibt dies viel zu oft die einzige Alternative.
Ich begrüsse deshalb auch dass gestern in Mersch eine solche Auffangstruktur eröffnet wurde. Für mich ist es wichtig dass wir in den nächsten Jahren weiter auf diese Art von Auffangstrukturen setzen.
Was die Einsetzung eines parlamentarischen Untersuchungsausschusses bin ich nicht unbedingt dafür weil solche Ausschüsse bis jetzt eigentlich sehr wenig Konkretes gebracht haben. Ich möchte Sie daran erinneren dass solch ein Ausschuss keine richterliche Kompetenz hat und somit einen potentiellen Zeugen nicht zwingen kann vor dem Ausschuss auszusagen. Was eventuelle Patientenmisshandlungen anbetrifft bin ich der Meinung dass diese eine Sache der Justiz sind. Die Politik muss gegebenenfalls die sich hierraus ergebenden Schlussfolgerungen ziehen und eventuell gesetzliche Anpassungen vornehmen.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Städtebau & Stadsentwécklung
29.05.2009
Vum:

Här Wengler,

fannt dir et normal dat een fir eng Baugenehmigung bal 2 Joer brauch, an dat do och nach den Emweltministär muss gefrot gin?
Äntwert vum Yves Wengler
2Recommandatiounen
29.05.2009
Yves Wengler
Här ,

Ech mengen an Aerem Fall war dat keng normal Baugenehmegung mee en Deelbebauungsplang, e sougenannten PAP. Leider sin am Moment d´Prozeduren vum PAG (Plan d´Aménagement Global = Bebauungsplang vun enger Gemeng) an dorun gekoppelt PAP (Plan d´Aménagement Particulier = Deelbebauungsplang) ganz zäitopwänneg. Dat hängt zum Deel dorun, dass déi bestehend PAP´en op engem aalen Gesetz baséieren, awer d´Prozduren vum PAP sech awer op e ganzt rezent Gesetz bezéihen: dat sin ganz ennerschiddlech Konzepter, an dofir ass déi Prozedur extrem laangwiereg. Allerdengs ass dest Gesetz elo virun kurzem an villen Punkten verbessert gin, fir d´Prozedur méi einfach ze machen. An engem Punkt gin ech Iech awer Recht: et kann net sin dat den Emweltministär am Kader vun engem PAP sein Avis muss ofgin. Bei der Ausarbechtung vum PAG hun sie hiren Rôle ze spillen: dat ass richteg an wichteg. Durno allerdengs, wann den Bebauungsplang virléit, huet menger Meenung no den Emweltministär näischt méi ze mellen.
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Yves Wengler
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.